Film vum Pol Cruchten (1996) From Wikipedia, the free encyclopedia
Black Dju ass e lëtzebuergesch-portugisesch-belsche Film vum Pol Cruchten aus dem Joer 1996.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Belsch Portugal |
Produktiounsjoer | 1996 |
Première | 1997 |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Franséisch Portugisesch |
Ekipp | |
Regie | Pol Cruchten |
Dréibuch |
Pol Cruchten Frank Feitler |
Fotografie | Daniel Barrau |
Musek |
André Mergenthaler Manu Dibango |
Produzent |
Samsa Film Saga Film Vermedia RTBF |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
Richard Courcet als Dju Philippe Léotard als Inspekter Pletschette Patrice-Flora Paxo François Morel François Hadji-Lazaro Myriam Mézières Césaria Evora Steve Karier Serge Wolff | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Den Dju, e Capverdianer, kënnt op Lëtzebuerg fir no sengem Papp ze sichen, deen dohin emigréiert war. E mécht Bekanntschaft mam Inspekter Pletschette, engem desillusionéierten an alkoholkranke Polizist. Zesumme maache se sech op d'Sich...
De Lëtzebuerger Filmfong huet Samsa Film fir d'Produktioun vum Film 1992 mat engem Subside an Héicht vun 20 Millioune Lëtzebuerger Frang ënnerstëtzt.[1] Schonn 1990 hat Phenix Productions eng "Aide à l'écriture vun 800.000 Frang vum Filmfong kritt.[2] Donieft krut Samsa Film 1993 och nach eng finanziell Ënnerstëtzung vun 1,9 Millioune franséische Frang aus dem europäesche Fong Eurimages.[3]
1996 schliisslech huet de Filmfong nach eng "Aide à la distribution" vun 2,5 Millioune Lëtzebuerger Frang accordéiert.[4]
Black Dju gouf um ënner anerem zu Chicago an zu Addis Abeba gewisen.[5]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.