Bernard Werber
franséische Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bernard Werber, gebuer de September 1961 zu Toulouse, ass e franséische Schrëftsteller, dee ënner anerem fir seng Trilogie Fourmis bekannt ass.
Biographie
Vum Alter vu 14 Joer u schreift de Bernard Werber Geschichte fir e Fanzine. No sengem Studium gëtt hie Wëssenschaftsjournalist. Zéng Joer duerno schafft hien als Schrëftsteller.
Säi Stil kéint een als eng Mëschung vun Abenteurroman, Science-fiction a philosophescher Erzielung bezeechnen. An deene meeschte vu senge Romaner spréngt hien tëscht Erzielung (gewéinlech méi wéi een Erzielstrang) a wëssenschaftlechen Artikelen hin an hier. Do derbäi kënnt nach, datt d'Romaner an Novellen ënnerenee vernetzt sinn, a verschidde Personnagen aus deem engem an engem anere kënnen opdauchen.
Bibliographie
D'Fourmis-Trilogie
D'Trilogie vun den Thanatonautes
D'Trilogie Père de nos Pères
En drëtte Roman, deen dem Term Trilogie géif säi Sënn ginn, léisst nach op sech waarden.
Experimentell Bicher
Novellen
- L'Arbre des possibles, 2002
Bande dessinéeën
Filmer
- La Reine de nacre, 2003
- Les Humains, a Produktioun.
Theaterstécker
- Nos amis les humains, 2003
Kuckt och
- Lëscht vun de franséischsproochege Schrëftsteller
Um Spaweck
Commons: Bernard Werber – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (fr) www.bernardwerber.com - Op senger Websäit kann een ënner anerem un engem "Arbre des possibles" selwer mattschaffen. Et geet dorëms, all méiglech Zenarioe festzehalen, wéi d'Zukunft fir d'Mënschheet kéint ausgesin. Dës Zenarioe kënne souwuel pessimistesch wéi optimistesch sinn, an den "Arbre des possibles" erméiglecht et duerno natierlech, all méiglech Verknëppungen tëscht deene verschiddenen Zenarioen hierzestellen.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.