fréier Wärung vun der Belsch From Wikipedia, the free encyclopedia
De Belsche Frang, war vun 1832 bis den 31. Dezember2001 déi offiziell Wärung vun der Belsch. E gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems d'Belsch der Eurozon bäigetruede war. Opgrond vun de Bestëmmunge vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun war en och zu Lëtzebuerg am Ëmlaf. Hien huet eng Geschicht vun 170 Joer.
Hei puer wichteg Eckdaten aus der Geschicht vum Belsche Frang:
1832: Gesetz, duerch dat de Belsche Frang definéiert gouf.
1850: Schafung vun der Banque Nationale de Belgique
1865: D'Union Latine entsteet.
1873: D'Geldschäiner vun der Banque nationale kréien e gesetzleche Cours.
1914: D'Convertibilitéit vun de Billjeeë gëtt opgehuewen.
1925: D'Belsch kënnegt de Vertrag vun der Union latine.
1926: Stabilisatioun vum Belsche Frang op 1/7 vu sengem Vierkrichswäert; Schafung vun enger neier Unité de compte, dëm Belga, a Rétablissement vun der Convertibilitéit vun de Billjeeën.
1935: Dévaluatiounn ëm 28% vum Belsche Frang.
1940: Suspensioun vun der Convertibilitéit vun de Billjeeën.
1944: Schafung vum Wärungssystem vu Bretton Woods, deen op de Gold Exchange Standard opgebaut ass.
1971: Suspensioun vun der Convertibilitéit vum USA-Dollar a Gold.
1972: Schafung vun der Europäescher Wärungsschlang.
1979: Kreatioun vum Europäesche Wärungssystem (EWS).
1982: Ofwäertung ëm 8% vum Belschen a Lëtzebuerger Frang am (EWS).
1988: Nei Definitioun vum legale Statut vum Frang.
1990: De Frang gëtt un déi däitsch Mark ugekoppelt.
1999: Drëtt Etapp vun der Europäecher Wirtschafts- a Monetärunioun, Aféierung vum Euro als Buchwärung.
2002: Den Euro gëtt a Form vu Billjeeën a Mënzen an Ëmlaf gesat; Enn vum Belsche Frang.