Barnard 68

From Wikipedia, the free encyclopedia

Barnard 68

De Barnard 68 ass eng Donkelwollek respektiv eng Bok-Globule. Si läit am südleche Stärebild Ophiuchus an ass ronn 500 Liichtjoer vun eis ewech. De Kär vun der Wollek ass ganz kal, d'Temperatur läit bei ronn 16 K (−257 °C). Déi total Mass ass ongeféier duebel sou grouss wéi d'Mass vun eiser Sonn, woubäi d'Wollek eng Ausdeenung vun engem hallwe Liichtjoer huet.

Barnard 68
Thumb
Foto opgeholl vum Very Large Telescope.
ObjettypDonkelniwwel
StärebildOphiuchus (Oph)
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun17h 22m 38.2s
Deklinatioun- 23° 49′ 34"
Ausgesinn
Visuell Magnitude
Wénkelduerchmiesser
Physikalesch Daten
Gehéiert zumMëllechstrooss
Distanzzirka 500 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet 
Absolutten Duerchmiesser
Radialvitess 
Katalogbezeechnungen
KatalogBarnard 68 • LDN 57

D'Katalogbezeechnung vun der Donkelwollek geet drop zeréck, well den Astronom Edward Emerson Barnard si 1919 a säi Katalog vun donkelen Niwwelen opgeholl huet.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.