Remove ads
lëtzebuergesch Stross From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Avenue Gaston Diderich ass eng Strooss um Belair an der Stad Lëtzebuerg. Se fänkt beim Boulevard Grande-Duchesse Charlotte un a verleeft dann a Richtung Weste bis bei de Märeler Kierfecht an der Rue des Aubépines.
Numm |
lb: Dauvelt[1] fr: Avenue Gaston Diderich |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: Rue Belair de: Prinz Eugenstraße |
Längt | ca. 1.568 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Belair |
Postcode | 1420 |
Koordinaten |
49° 36’ 36.4’’ N 06° 06’ 24.4’’ O |
Genannt no | Gaston Diderich |
D'Strooss, déi 1913 nach Dauwelterwee geheescht huet, gouf méi spéit d'Rue Belair a schlussendlech 1947 nom fréiere Stater Buergermeeschter Gaston Diderich benannt, deen dat Joer virdru gestuerwe war. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet se „Prinz Eugenstraße” geheescht[2].
Am westlechen Deel vun der Avenue, do wou d'Strooss vis-à-vis vun der Rue d'Oradour e liichte Bou mécht, stoung fréier am Feld de Gaalge vun der Stad[3]. Dorop zeréckzeféieren ass de Flouernumm Gaalgebierg deen haut nach op der Kadasterkaart agedroen ass.
D'Haiser op Nummer 42-44 a 50A goufen den 21.9.2007, resp. de 26. 1.2015, op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.
Laanscht d'Avenue leien ë. a. dës Gebaier:
Commons: Avenue Gaston Diderich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.