Auch

From Wikipedia, the free encyclopedia

Auch

Auch ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng, an d'Prefektur vum Departement Gers an der Regioun Occitanie. Et huet an déi 21.000 Awunner an ass de Sëtz vun engem Äerzbistum.

Méi Informatiounen Kanton, Postcode ...
Auch
Thumb

Vue mam Escalier monumental, der Tour Armagnac
an der Kathedral Ste Marie
Vue mam Escalier monumental, der Tour Armagnac
an der Kathedral Ste Marie
Land Frankräich
Regioun Occitanie
Departement Gers
ArrondissementAuch
Kanton Auch-1
Auch-2
Auch-3
Postcode 32000
Gemengecode 32013
Koordinaten 43° 38’ 43’’ N
      00° 35’ 19’’ O
Fläch  7 248 ha
Bevëlkerung  21.618 (2016)
Zoumaachen

Auch läit um Floss Gers. Ee vun de Jakobsweeër, d'Via Tolosana, geet duerch Auch.

Et ass den historeschen Zentrum vun der Kulturregioun Gascogne, a war vum Spéitmëttelalter bis zu der Franséischer Revolutioun Sëtz vun den Häre vun Armagnac, déi d'Muecht hu misse mat den Äerzbëscheef deelen.

Kuckeswäertes

  • d'spéitgotesch Kathedral Sainte-Marie aus dem 15. bis 17. Jh mat enger bemierkenswäerter Uergel;
  • d'Tour d'Armagnac, e Prisongstuerm aus dem 14. Jh.;
  • d'monumental Trap vum Floss erop bei d'Kathedral.

Galerie

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Auch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.