From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Armeenier (Armeenesch Հայեր - Hajer) sinn e Vollek, dat zanter iwwer 2700 Joer am Gebitt tëscht dem Héichland vun Ostanatolien an dem Südkaukasus doheem ass.
Traditionellt Gezei |
---|
An Armenien an an dem de facto onofhängege Biergkarabach sinn déi meescht Awunner Armeenier (zesumme ronn 3,4 Milliounen, Stand 2010). Mat 5-7 Milliounen ass et awer d'Diaspora déi de gréissten Deel vun den haitegen Armeenier ëmfaasst, dëst och als Resultat vum tierkesche Genozid un den Armeenier, wouduerch vill Iwwerliewender sech an aner Länner gerett hunn. Déi gréisst armeenesch Populatioune baussent dem Kärland existéieren haut a Russland, USA, Frankräich, Georgien, Iran, Libanon a Syrien.
Déi meescht Armeenier gehéieren zur Armeenesch Apostolescher Kierch, déi och déi eelst national Kierch vun der Welt ass. D'Chrëschtentum huet sech an Armenien, kuerz nom Jesus sengem Doud verbreet, duerch d'Efforte vun zwéi vu sengen Apostelen, dem hl. Thaddäus an dem hl. Bartholomäus. Am fréie 4. Joerhonnert ass d'Kinnekräich Armenien dat éischt Vollek gewiescht dat d'Chrëschtentum als Staatsrelioun ugeholl huet.
Armeenesch ass eng indoeuropäesch isoléiert Sprooch. Si huet zwou géigesäiteg verständlech a geschriwwe Formen: Ostarmeenesch, wat haut haaptsächlech an Armenien, Biergkarabach, Iran an an de fréiere Sowjetrepublike geschwat gëtt, a Westarmeenesch, wat am historesche Westarmenien an, nom Genozid, an der Diaspora geschwat gëtt. Dat eenzegaartegt Armeenescht Alphabet gouf am Joer 405 n. Chr. vum Hellegen a Linguist Mesrop Maschtoz geschaf.
Commons: Armeenier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.