From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Armand Mergen, genannt Toto, gebuer den 29. Januar 1919 zu Hiefenech, a gestuerwen den 1. Mäerz 1999 um Briddel, war e lëtzebuergesche Kriminolog, Auteur a Publizist.
Armand Mergen | |
---|---|
Gebuer |
29. Januar 1919 Hiefenech |
Gestuerwen |
1. Mäerz 1999 Briddel |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universtéit vun Insbruck |
Aktivitéit | Universitéitsprofesser, Schrëftsteller |
Viru senger Primärschoul, déi hien zu Gréiwemaacher a Bouneweg gemaach huet, huet hie mat sengen Elteren a Frankräich gewunnt. No senger Première am Stater Kolléisch goung hien op d'ULB an op d'Universitéit Innsbruck, Medezin an Droit studéieren.
Zu Bréissel huet hie, wärend senger Studienzäit, als Pianist an enger Bar, an der Porte de Namur, niewebäi puer Sue verdéngt. Spéider gouf hien zu Innsbruck vun den Nazien, ënner dem Virwand hie géif enger zu Resistenzlerorganisatioun gehéieren, kuerz verhaft, an duerno an den anthropolgesche Service vun der Nerveklinick vun Innsbruck zwangsverflicht. Hie war ee Schüler vum éisträichesche Professer an der Kriminal-, Verierwungs- a Rassebiologie, dem Friedrich Stumpfl. Si hunn zesumme rassebiologesch Studien iwwer d'Migrantevollek vun Tiroler Karner a Jéine gemaach. Doriwwer huet hien 1949 eng vu sengen éischte gréisseren internationale Publikatiounen erausginn. Seng Promotiounsaarbecht am Droit war, 1942, Kriminalität der Geisteskranken, eng Etüd iwwer 200 Fäll vun der Universitéitsklinick Innsbruck.
Nom Krich goung hien nach an England, Südamerika a Frankräich fir sech an der Kriminologie weiderzebilden, ier hie säi Lëtzebuerger Droitsexame gemaach huet.
Bis Enn 1957 hat den Armand Mergen eng Affekotenetüd an der Neipuertsgaas an der Stad. 1950 gouf hien och Geriichtsexpert a Lëtzebuerger Delegéierte vun der internationaler Kriminalbiologische Gesellschaft. Wärend dëser Zäit war hie ganz aktiv a Jugendorganisatiounen. Hie war 1947 / 1948 President vun der ASSOSS. 1937, ënner dem ASSOSS President Paul Elvinger, dem spéidere Justiz- a Wirtschaftsminister, hat hien d'Schülerorganisatioun vun der ASSOSS, de Clan des Jeunes gegrënnt a gouf hiren éischte President. Déi zwou Associatioune waren déi Zäit bekannt fir d'Organisatioun vun interessante Konferenzowenter. Hie selwer war en talentéierte Conferencier a Riedner. De Sujet vu senge Konferenze war natierlech d'Kriminologie. Bei dëse Geleeënheeten huet hien déi jonk Leit gär motivéiert fir éischter Kriminologie, eng Synthèse vun Droit a Naturwëssenschaft, wéi eleng Droit ze léieren.
Hie war och Member vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg, déi gläichermoosse Diskussiounsowenter organiséiert huet. Den Toto huet d'Humaniséierung vum Strofrecht propagéiert: D'Verbriechen ass ee soziogesche Symptom. Zweck vun der Justiz däerf net sinn d'Verbriechen der Strof wéinst ze rächen, mä si soll riichte fir den Delinquent am Zesummenhank mat senger Perséinlechkeet ze verurteelen an eng Reeducatioun mat him ze maachen, déi hie vu sengen asozialen Instinkter befreie soll.. Dofir soll virum Verdikt eng kriminologesch Enquête iwwer de Schëllege gemaach ginn. Sou war hien 1949 Matgrënner vun der Société de Défense Sociale zu Léck, déi dës Thees vertrieden huet.
1951 huet hien d'Kriminologische Gesellschaft neigegrënnt a gouf hire President.
1953 huet hien duerch seng Publikatioun Methodik kriminalbiologischer Untersuchungen an der internationaler Press vu sech schwätze gedunn. Dat selwecht Joer gouf hien, vun der franséischer Besatzungsarméi an Däitschland, als Professer fir Kriminologie op der juristescher Fakultéit vun der Johannes Gutenberg Universität zu Mainz agestallt. Hei hat hien eng Professur an der Kriminologie an am Stroofrecht bis zu senger Pensioun (1984).
1957 gouf hie seng Affekotenetüd zu Lëtzebuerg, aus perséinleche Grënn no engem Prozess géint hien, op, an ass ganz op Mainz geplënnert. Wärend der ganzer Zäit huet hien a villen auslänneschen a lëtzebuergeschen Zeitungen Artikele geschriwwen. Hie war Beroder an Instrukter beim däitsche Bundeskriminalamt (BKA) a war och ee gesichte Beroder vun de Regisseure vu Krimien.
Seng Publikatioune si bal net ze zielen. Et gëtt net vill Beräicher, déi hie net als Kriminalist a senge Wierker behandelt huet: Politik (de Fall Barschel a Bommeleeër), Glécksspiller, Sexualitéit, Wirtschaftsdelinquente.
Den Toto war an der Fräizäit e passionéierte Pilot an huet 1952 d'Union des Pilotes zu Lëtzebuerg matgegrënnt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.