US-amerikanesch Horror-Televisiounsserie From Wikipedia, the free encyclopedia
American Horror Story ass eng US-amerikanesch Horror-Televisiounsserie, déi vum Ryan Murphy a vum Brad Falchuk kreéiert gouf an zënter 2011 leeft.
Serie | |
---|---|
Produktiounsland | Vereenegt Staate vun Amerika |
Dauer | 44 min |
Format | 16:9 |
Originalsprooch | Englesch |
Staffelen | 12 |
Episoden | 132 |
Ekipp | |
Dréibuch | Ryan Murphy |
Fotografie | Michael Goi |
Musek | James S. Levine |
Produzent | Ryan Murphy |
Produktiouns- gesellschaft | 20th Century Fox Television |
Distributioun | 20th Television, Netflix, Hulu, Disney+ |
Schauspiller | |
Connie Britton, Dylan McDermott, Evan Peters, Taissa Farmiga, Denis O'Hare, Jessica Lange, Zachary Quinto, Joseph Fiennes, Sarah Paulson, Lily Rabe, Lizzie Brocheré, James Cromwell, Frances Conroy, Kathy Bates, Michael Chiklis, Finn Wittrock, Angela Bassett, Lady Gaga, Cuba Gooding Jr., Wes Bentley, Matt Bomer, Emma Roberts, Chloë Sevigny, Cheyenne Jackson, André Holland, Billie Lourd, Alison Pill |
All Staffel ass eng eege Miniserie mat enger Geschicht, déi net direkt eppes mat deene vun den anere Staffelen ze dinn huet, och wann heiansdo Referenzen op aner Staffele gemaach ginn.
Staffel | Numm | Joer | Episoden | Synopsis |
---|---|---|---|---|
1 | Murder House | 2011 | 12 | Déi éischt Staffel, déi retroaktiv Murder House genannt gouf, spillt zu Los Angeles am Joer 2011, an handelt iwwer eng Famill, déi an en Haus plënnert an deem déi fréiere Bewunner erëmgeeschteren. |
2 | Asylum | 2012 | 13 | Et geet ëm eng Klinik fir Geeschteskranker am Massachusetts am Joer 1964 an ëm hir Mataarbechter a Patienten. |
3 | Coven | 2013-14 | 13 | Eng Grupp Hexen zu New Orleans kämpft géint déi, déi si zerstéiere wëllen. |
4 | Freak Show | 2014-15 | 13 | Eng vun de leschten amerikanesche Freakshowe kämpft ëm hiert Iwwerliewen a Florida am Joer 1952. |
5 | Hotel | 2015-16 | 12 | En Hotel zu Los Angeles gëtt 2015 vu Vampiren a Geeschter onsécher gemaach. |
6 | Roanoke | 2016 | 10 | Tëscht 2014 an 2016 passéieren an engem isoléierten Haus am North Carolina iwwernatierlech Phenomeener, a Verbindung mat enger fréierer englescher Kolonie, déi virun Honnerte vu Joren einfach verschwonne war. |
7 | Cult | 2017 | 11 | Am fiktive Quartier vu Brookfield Heights am Michigan terroriséiert an de Joren 2016-2017, eng Aart Sekt d'Bewunner no der Presidentschaftswal. |
8 | Apocalypse | 2018 | 10 | Déi aacht Staffel, Apocalypse, ass e bëssen anescht wéi déi virdrun, well hei Personnagen aus anere Staffelen opdauchen. D'Hexe vu Coven (3. Staffel) kämpfe géint den Antichrist vu Murder Hourse (14. Staffel) a probéiere sou, fir d'Apokalyps ze vermeiden. |
9 | 1984 | 2019 | 9 | Zu Los Angeles an den 1980er mécht sech eng Grupp Jonker prett fir e Summercamp nei opzemaachen, 14 Joer nodeem do e Massaker geschitt huet. |
10 | Double Feature | 2021 | 10 | Déi zéngt Staffel mam Titel Double Feature huet zwéin Deeler, vun deenen den éischte sech 2021 ofspillt an et ëm eng Famill geet, déi an eng Stad op der Küst plënnert, wou déi komesch Awunner en Impakt op hiert Liewen hunn. |
2020 gouf d'Serie verlängert, a bis 2023 sollen nach dräi weider Staffelen erauskommen.[1]
Vill Schauspiller trieden an e puer Staffelen op, mä spillen ëmmer en neie Personnage. Den Evan Peters, d'Sarah Paulson an d'Lily Rabe sinn an néng vun den zéng éischte Staffelen ze gesinn.
Aner bedeitend Schauspiller sinn de Frances Conroy, den Denis O'Hare, d'Jessica Lange, d'Kathy Bates, d'Angela Bassett, d'Emma Roberts, d'Adina Porter, de Finn Wittrock an de Jamie Brewer.
Déi verschidde Staffele goufen ënnerschiddlech vun der Kritik opgeholl, mä am Allgemengen ass d'Serie gutt ukomm. Besonnesch d'Schauspillertrupp gouf gelueft, dorënner d'Jessica Lange, déi zwéin Emmy Awards, e Golden Globe Award, an e Screen Actors Guild Award fir hir Performance gewonnen huet. D'Kathy Bates an den James Cromwell hunn allebéid en Emmy Award gewonnen, wärend d'Lady Gaga e Golden Globe Award krut.
Déi éischt Staffel war 2011 déi meescht-gekuckt nei Televisiounsserie an den USA. D'Serie generéiert nach ëmmer héich Aschaltquote fir den Ursprongssender FX.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.