Den Alphonse Schmit, gebuer den 23. September 1908 zu Präiteler (Breidweiler) an de 5. September 1942 zu Hinzert vun den Nazien higeriicht, war e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser.[1],[2]
Alphonse Schmit | |
---|---|
Gebuer | 23. September 1908 |
Gestuerwen | 5. September 1942 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Den Alphonse Schmit, deen 1928 säi Premièresdiplom am Atheneum krut, huet zu Paräis an Nanzeg Physik a Mathematik studéiert. 1933 huet hie säin Doktorat zu Lëtzebuerg gemaach. Säin éischt Joer Stage huet hien an der Industrieschoul an der Stad absolvéiert, duerno koum hien am September 1934 an den Iechternacher Kolléisch. Hei huet hien am Juni 1935 säi prakteschen Exame gemaach. De Sujet vu senger wëssenschaftlecher Dissertatioun war: La spéculation à terme du point de vue mathématique ; an der pedagogescher Dissertatioun goung et ëm d'Fro Wie erwecke ich Interesse an der Mathematik?.[3]
Am September 1935 krut hie seng Nominatioun als Repetent an de 17. September 1937 déi als Professer.[1]
Vum 10. Mee bis den 31. Dezember 1941 ass hie vum däitschen Okkupant vun Iechternach op Frankfurt am Main déplacéiert ginn.[1]
Néng Méint no sengem Retour op Iechternach sollt d'Grève vum 31. August 1942[4] fatal Konsequenze fir de Professer Schmit kréien. Wärend op anere Plazen am Land gestreikt gouf, war deen Dag moies am Iechternacher Kolléisch eng grouss Onrou, an an de Klassen ass kaum geschafft ginn. Doropshin huet den däitschen Direkter Josef Dijong eng Konferenz fir 10 Auer aberuff an där hirem Verlaf de Prof. Schmit seng Meenung iwwer d'Aféierung vun der Wehrpflicht gesot huet an dorop vum Direkter virgeworf krut, hie géif behaapten, de "Führer" an de "Gauleiter" hätte gelunn.[5]
Den 1. September 1942 sinn déi Iechternacher Schüler zwar um 8 Auer an der Schoul present gewiescht, mä d'Schüler vun den ieweschten a mëttlere Klassen hunn de Schoulhaff verlooss a sinn am Cortège laanscht d'Sauer op Bäerdref gezunn. Am Nomëtte vun dem selwechten Dag huet den Dijong verlaangt, datt de Schmit misst verhaft ginn, wat dann och geschitt ass. Den 2. September sinn och d'Professere Michel Delleré, Antoine Weis a Jos Hoffmann verhaft ginn. Den 3. September stounge si alle véier virum Standgeriicht. D'Professeren Delleré, Weis an Hoffmann koume fräi, dem Schmit säi Prozess ass deen aneren Dag (4. September) weidergaangen an hie gouf zum Doud verurteelt. De 5. September 1942 ass hien zu Hinzert erschoss ginn.[5]
Dem Alphonse Schmit seng Fra, d'Anna Korzilius vun Dikrech, an hir dräi Kanner goufen den 1. Oktober 1942 op Leubus deportéiert. Dat jéngst Kand ass spéider, den 19. Oktober 1944, zu Speicher, wou d'Famill Schmit an der résidence forcée war, bei engem Bombardement ëmkomm.[1]
Dem Alphonse Schmit säi Brudder, den Abbé Jean-Pierre Schmit (1904-1985), huet och ënner den Nazie gelidden. De 27. Mee 1944 ass hie verhaft ginn. Bis de 6. Juni war hie politesche Prisonéier am Gronn. Duerno koum hien op Hinzert.[6]
- Delleré, Gab, 1992. Les insurgés de '42. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, S. 307-319.
- Delleré, M., 1948. Alphonse Schmit (23.9.1908 - 5.9.1942). In: Journal de l'Association des Professeurs, 36 (1948), S. 17-19.
- Kauthen, P., 1992. Du Collège au Lycée classique. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, S. 45-169.
- Trauffler, H., 1992. Le procès du professeur Alphonse Schmit. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, S. 417-423.
- Trauffler 1982.
- M. Delleré 1948.
- Massard, J. A. & G. Geimer, 1992. Les professeurs de sciences et leur oeuvre. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, S. 469.
- Dës Duerstellung vun de Faite baséiert op den Artikelen: Trauffler 1992, Kauthen 1992, S. 146 ss, Delleré 1992, S. 313s.
- Breidweiler: Jean-Pierre Schmit. Online gekuckt den 30.11.2011. — D'historesch Zouverlässegkeet vun dësen Daten, grad wéi déi vun de weideren Donnéeën zu dem Sujet Hinzert an dësem Text, misst iwwerpréift ginn.
Kuckt och: Hemmerle, Bernhard: Schmit, Jean-Pierre. In: Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon, Band XXIII (2004) Spalten 1293.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.