Remove ads
lëtzebuergesch Déierendoktesch a Politikerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Alexandra ("Lexy") Schoos, gebuer den 13. Mee 1988 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Déierendoktesch[2] a Politikerin (ADR).
Alexandra Schoos | |
---|---|
Gebuer |
13. Mee 1988 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
École privée Fieldgen, Medezinesch Universitéit Wien, Veterinärmedezinesch Universitéit Wien |
Aktivitéit | Fuerscher, Veterinär, Politiker |
Partei | ADR |
No hirer Première um Fieldgen (2007) huet d'Alexandra Schoos Humanmedezin op der Medezinescher Universitéit Wien studéiert an duerno, vun 2008 un, Veterinärmedezin op der Veterinärmedezinescher Universitéit an der selwechter Stad. Si huet hire Studium 2014 mat engem Master ofgeschloss[3].
D'Alexandra Schoos schafft zanter 2020 als Veterinärin am staatleche Veterinärslaboratoire zu Diddeleng[3].
2023 huet d'Alexandra Schoos bei de Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'ADR am Bezierk Osten – als éischt Fra fir hir Partei – an d'Chamber gewielt[2],[4].
Zënter dem 17. Mäerz 2024 ass si Parteipresidentin vum ADR.[5]
D'Alexandra Schoos ass d'Duechter vum fréieren ADR-Politiker a Parteipresident Jean Schoos.
Commons: Alexandra Schoos – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.