Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia
De (65) Cybele ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture. Hien ass de 6. Mäerz 1861 vum däitschen Astronom Ernst Wilhelm Leberecht Tempel entdeckt ginn.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp |
Haaptasteroidenceinture Cybele-Asteroiden |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 3,430 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1087 |
Sideresch Ëmlafzäit | 6 a 129 d |
Mëttel Bunnvitess | 16,0 km/s |
Inklinatioun | 3,56 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 237 km |
Mass | 1,78x1019 kg |
Mëttel Dicht | 0,99 ± 0,20 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 4,041 h |
Albedo | 0,07 |
Absolut Hellegkeet | 6,6 |
Spektralklass | P |
Entdeckung | |
Entdecker | E.W.L. Tempel |
Entdeckungsdatum | 8. Mäerz 1861 |
Plaz | Marseille |
Den Asteroid gouf no der Kybele genannt, déi an der griichescher Mythologie eng Gëttermamm duerstellt.
Wärend enger Bedeckung vum Stär AGK3 +19 599 duerch de Cybele am Joer 1979 hat et Undeitungen op en 11 km grousse Begleeder vum Cybele op enger Distanz vun 917 km vu sengem Mëttelpunkt (am Fall, wann d'Bedeckung zentral war) ginn.
De (65) Cybele huet enger Gruppe vun Asteroiden, déi déi Säit vum Hecuba-Fräiraum mat Bunnhallefachsen tëscht 3,27 an 3,7 AE hir Bunn zéien, hiren Numm ginn. D'Objeten hunn Exzentrizitéite vu manner wéi 0,3 a Bunnschréie vu manner wéi 25°. D'Membere vun där Grupp stinn a 7:4-Resonanz zum Jupiter, wouduerch hir Bunn stabiliséiert gëtt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.