École apostolique vu Clairefontaine
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'École apostolique vu Clairefontaine an der klenger belscher Uertschaft Clairefontaine (Gemeng Arel), no bei Äischen, gouf 1889 vum Pater Dehon gegrënnt.
Remove ads
Hien hat den Dominikanerinnen, déi an d'Stad geplënnert sinn, d'Gebaier vum Klouschter ofkaaft, an eng apostoulesch Schoul dran ageriicht. Et war e Lycée an deem d'Schüler, déi wollten an d'Congregatioun antrieden, hire Secondaire konnte maachen. Se war awer och op fir aner Schüler. D'Schoul huet 1986 hir Dieren zougemaach an d'Gebaier goufen nei organiséiert, fir vun 1991 un e Centre d'accueil fir Animatioun a spirituell Formatioun draus ze maachen.
Vun den Haiser, déi de Pater Dehon gegrënnt huet, an déi haut nach bestinn, ass dat vu Clairefontaine dat eelst.
Remove ads
Bekannt Schüler
- Joseph Lorenzo Philippe
- Nicolas Kinsch
- Joseph Adam
- Josy Braun
- Adrien Ries (gréistendeels)
- John Scheid
- Jean Greisch
- Jean Krier (Archeolog)
- Jean-Claude Juncker
- Edouard Marc Kayser
- Nico Graf
- Jean-Jacques Flammang
- Jean-Claude Hollerich (deelweis)
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: École apostolique vu Clairefontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads