From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Zwieleffangerdaarm, am Fachberäich Duodenum, ass den éischten Deel vum Daarm, a méi spezifesch vum Dënndaarm, vun de meeschten Wierbeldéieren, dorënner de Mamendéieren, de Reptiller an de Vullen. Bei de Fësch ass d'Ënnerdeelung vum Dënndaarm net ëmmer kloer.
Den Zwieleffangerdaarm fänkt hannert dem Mo un. En ëmschléisst de Kapp vun der Bauchspeicheldrüs a Form vun engem Huffeisen. Beim erwuessene Mënsch ass en duerchschnëttlech 30 Zentimeter laang an domat de kierzten Deel vum Dënndaarm.[1] Bei dern Déieren, déi idderzen a bei de Päerd ass en esouguer 1 bis 1,5 Meter laang.[2],[3] Op sengem Enn geet den Zwieleffangerdaarm an de Jejunum iwwer.
D'Aufgab vum Duodenum ass et, de sauere Contenu vum Mo ze neutraliséieren, andeem e Sekreet bäigemëscht gëtt, dat räich u Bicarbonat ass.[4] Donieft ginn hei dem Bräi aus dem Mo d'Verdauungsenzymer aus der Bauchspeicheldrüs an aus den den Drüse vum Zwieleffangerdaarm selwer (Duodenaldrüsen oder Brunner-Drüsen) an d'Gal bäigemëscht.
Den Numm "Zwieleffangerdaarm" geet op den griicheschen Dokter Herophilus aus der Antikitéit zeréck. Hien huet ëm 300 v. Chr. d'Längt vun deem Deel vum Daarm bei den Déieren, déi en dissektéiert huet, op eng Breet vun zwielef Fanger geschat. Dat laténgescht Wuert duodenum kënnt vum algriichesche Wuert dodekadaktulus, dat "12 Fanger breet" bedeit.[5]
Commons: Zwieleffangerdäerm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.