From Wikipedia, the free encyclopedia
Ziolkowski (op Russesch: Циолковский) ass eng kleng zoue Stad am Oblast Amur am Fären Osten a Russland. Si ass de Verwaltungszentrum vum Stadkrees Uglegorsk. Si läit eng 180 km nërdlech vu Blagoweschtschensk, dem Verwaltungszentrum vun der Regioun, um Uwänner vum Bolschaja Pjora, engem Niewefloss vum Seja. Eng 20 km südëstlech dervu läit de Kosmodrom Wostotschny.
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ziolkowski | |
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees | Fären Osten |
Status | Oblast |
Regioun | Amur |
Gegrënnt | 1961 |
Awunner | 5.686 (1995; 2000; 2001; 2002; 2003; 2004; 2009; 2010; 2011; 2012; 2013; 2014; 2015; 2016; 2017; 2018; 2019; 2020; 2021; 2023) |
Fläch | 63 |
Koordinaten | 51°45'36,91"N, 128°7'16,23"O |
Telefonszon | 41643 |
Postcode | 676470 |
Websäit | http://затоциолковский.рф |
Si huet 6.328 Awunner (Stand: 2016)[1] an eng Fläch vun zirka 63 km².
Ziolkowski gouf am Joer 1961 als Uglegorsk (Углегорск) gegrënnt. Eng fofzeg Joer dono gouf nieft dem Uert de Kosmodrom Wostotschny gebaut, deen 2015 de Betrib ophuelen an no an no d'Weltraumgare Baikonur am Kasachstan ersetze soll. An dësem Zesummenhank krut den Uert am September 2015 d'Stadrechter a gouf den 30. Dezember 2015 zu Éiere vum russesche Raumfaartpionéier Konstantin Ziolkowski an Ziolkowski ëmbenannt.[2] Den éischte Rakéitestart vum Kosmodrom war den 28. Abrëll 2016.
Commons: Ziolkowski – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.