Zeeuws-Vlaanderen
Deel vun der hollännescher Provënz Zeeland / From Wikipedia, the free encyclopedia
Zeeuws-Vlaanderen (fr: Flandre zélandaise; de:Seeländisch Flandern) ass deen Deel vun der hollännescher Provënz Zeeland, deen um südlechen Uwänner vun der Westerschelde läit. Et ass administrativ an dräi Gemengen agedeelt: Sluis am Westen, Terneuzen an der Mëtt an Hulst am Osten.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Zeeuws-Vlaanderen, Deel vun der Provënz Zeeland. Fir aner Bedeitunge vum Wuert "Flandern", kuckt wgl. Flandern (Homonymie). |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/2/22/LocatieZeeuwsVlaanderen.png)
Kulturell steet Zeeuws-Vlaanderen dem belsche Flandern méi no. Den Dialekt vun do gläicht staark deem vu Gent.
Bis am Juni 2003 war Zeeuws-Vlaanderen mam Rescht vun Holland just mat enger Floss-Fär verbonnen. Zanterhier gëtt et e 6.600 Meter laange Stroossentunnel ënner der Westerschelde, deen Terneuze mat Ellewoutsdijk op Zuid-Beveland verbënnt.
D'Fär tëscht Breskens a Vlissingen ass zanterhier just nach fir Foussgänger, mat oder ouni Vëlo.
Déi wichtegst Stad an Zeeuws-Vlaanderen ass d'Hafestad Terneuzen, mat engem wichtegen Industriegebitt laanscht de Kanal vu Gent op Terneuzen. Cadzand, um Nordmier, ass eng touristesch vill besicht Stad.
Op de westlechen an ëstlechen Extremitéite vum Territoire sinn Naturschutzgebidder: Het Zwin am Westen (dat op der belscher Säit virugeet) an d'Verdronken Land van Saeftinghe am Osten.
Zeeuws-Vlaanderen huet, verglach mam Rescht vun Holland, eng relativ niddreg Bevëlkerungsdicht (147 Awunner/km²).