![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/dd/Yellowstone_River_in_Hayden_Valley.jpg/640px-Yellowstone_River_in_Hayden_Valley.jpg&w=640&q=50)
Yellowstone-Nationalpark
Nationalpark an de Vereenegte Staaten / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Yellowstone-Nationalpark ass en Nationalpark an de Vereenegte Staaten a gouf den 1. Mäerz 1872 gegrënnt. Domat ass et deen eelsten Nationalpark op der Welt. Denn Numm gouf vum gréisste Floss am Park, dem Yellowstone River, iwwerholl.
En ass 8987 km² grouss a läit an de Rocky Mountains, bal ganz am Bundesstaat Wyoming (3 Prozent leien a Montana, ee Prozent an Idaho), op enger Duerchschnëttshéicht vun 2.440 Meter iwwer dem Mieresspigel.Den héchste Punkt ass den Eagle Peak, op 3.462 Meter.
De Park läit gréisstendeels an der Caldera vum Yellowstone-Vulkan, déi viru ronn 640.000 Joer entstanen ass. En ass virun allem bekannt fir seng geothermesch Quellen wéi Geysiren a Bullisvulkaner a seng wëll Déieren, wourënner den Amerikanesche Bison, Grizzlybieren a Wëllef.
1978 gouf e vun der UNESCO zu der Weltnaturierwen deklaréiert.
- De Yellowstone River
- De Geysir Old Faithful
- Yellowstone am Wanter
- Bisonen