![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/df/Vostok_spacecraft.jpg/640px-Vostok_spacecraft.jpg&w=640&q=50)
Wostok (Raumschëff)
éischt bemannt sowjetesch Raumkapsel / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Wostok' [vɐsˈtɔk] (russesch Восток fir Osten) war den Numm vun der éischter bemannter sowjetescher Raumkapsel. Vun 1961 bis 1963 huet d'UdSSR sechs bemannt Kapsele vun där Serie gestart. U Bord vu Wostok 1 koum den 12. Abrëll 1961 de Juri Gagarin als éischte Mënsch an eng Äerdëmlafbunn. Mat der Wostok 6 koum de 16. Juni 1963 d'Walentina Wladimirowna Tereschkowa als éischt Fra an de Weltraum.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/df/Vostok_spacecraft.jpg/640px-Vostok_spacecraft.jpg)
Déi eesëtzeg Wostok-Raumkapsele goufe mat de Wostok-Rakéite gestart a sinn op enger relativ niddreger Ëmlafbunn geflunn. D'maximal Missiounsdauer an d'Steierméiglechkeete vum Pilot ware staark begrenzt. D'Wostok-Kapsele goufen an der Zäit duerno als Basis fir verschidde militäresch an zivil onbemannt Satellitte vun der Kosmos-Serie gebraucht. Vun 1985 u si se ënner der Bezeechnung Foton geflunn. An der bemannter Raumfaart gouf d'Wostok-Kapsel spéider duerch déi méi grouss Woschod-Raumkapsel ofgeléist.