Walentina Wladimirowna Tereschkowa
russesch Kosmonautin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Walentina Wladimirowna Tereschkowa (Валентина Владимировна Терешкова), gebuer de 6. Mäerz 1937 zu Bolschoje Maslennikowo bei Jaroslawl op der Wolga, ass eng russesch Kosmonautin. Si war déi éischt Fra am Weltraum.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Pseudonym ...
Walentina Wladimirowna Tereschkowa | |
---|---|
Gebuertsnumm | Валентина Владимировна Терешкова, Valentyina Vlagyimirovna Tyereskova |
Pseudonym | Чайка, Valentina |
Gebuer | 6. Mäerz 1937 |
Nationalitéit | Sowjetunioun, Russland |
Aktivitéit | Astronaut, Politiker, Militär, Ingenieur, Pilot, Universitéitsprofesser, Deputéierten an der Duma |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, Eenegt Russland, Eist Haus Russland |
Zoumaachen
U Bord vun der Raumkapsel Wostok VI ass d'Walentina Tereschkowa de 16. Juni 1963 vum Raumfaartzentrum Baikonur fortgeflunn, fir eng Rees duerch de Weltraum, déi bal dräi Deeg gedauert huet. D'Wostok VI ass vum Kosmodrom zu Baikonur (Kasachstan) aus gestart an huet d'Äerd 49-mol ëmkreest. Den 19. Juni ass se bei Nowosibirsk gelant, wou d'Tereschkowa begeeschtert empfaange gouf. Zu Moskau gouf se mam Titel Fliger-Kosmonaut vun der UdSSR geéiert.
1966 war si op Visitt zu Lëtzebuerg a gouf vum Groussherzog Jean emfaangen.[1]