![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c6/CFA_Franc_map.svg/langlb-640px-CFA_Franc_map.svg.png&w=640&q=50)
Westafrikaneschen CFA-Frang
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Westafrikaneschen CFA-Frang (op franséisch franc CFA oder einfach franc, Wärungscode: XUF) ass d'Wärung vu sechs onofhängege Staaten a Westafrika: Benin, Burkina Faso, Côte d'Ivoire, Guinea-Bissau, Mali, Niger, Senegal an Togo.[1]
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c6/CFA_Franc_map.svg/640px-CFA_Franc_map.svg.png)
gréng: Länner, déi de Westafrikaneschen CFA-Frang benotzen
CFA steet fir Communauté Financière d'Afrique oder Communauté Financière Africaine. E gëtt vun der Bank vun de Westafrikanesche Länner (BCEAO) zu Dakar fir d'Membere vun der Westafrikanescher Wirtschafts- a Wärungsunioun (UEMOA) reegelementéiert.
An Zentralafrika zirkuléiert den Zentralafrikaneschen CFA-Frang, eng aner Wärung, déi awer de selwechte Wäert wéi de Westafrikaneschen CFA-Frang huet.