From Wikipedia, the free encyclopedia
Waassertuerm ass den Numm fir en tuermfërmegt Bauwierk fir Waasserversuergung an deem uewen am Tuerm e Waasserbaseng ass fir Drénkwaasser ze späicheren. Dëse Waasserbaseng suergt fir e gläichméissegen Drock am Waasserleitungsnetz dat un de Waassertuerm ugeschloss ass.
E Waassertuerm funktionéiert duerch d'Gravitatioun vum Waasser. Well de Waasserbaseng vum Tuerm méi héich läit wéi d'Krinn an deenen eenzelen Haiser, oder aneren Zapplazen, entsteet en Drock an der Leitung, dee bewierkt, datt, wann een e Krunn opdréit, d'Waasser erausleeft.
Meeschtens muss d'Waasser an den Tuerm gepompelt ginn, a rare Fäll kann e selwer duerch e Waasserbaseng, dee méi héich läit beliwwert ginn, wéi z. B. en etlesch Basengen déi vum SEBES-Baseng vun Eschduerf beliwwert ginn. An deem Fall spillt en och nach d'Roll vun engem Drockreegeler.
Commons: Wassertierm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.