Itinéraire cyclable des Trois Rivières From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Vëlospist PC3, och nach Pist vun den dräi Flëss, offiziell Itinéraire cyclable des trois rivières, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
D'PC3 bei Méischdref | |
Alternativen Numm | Itinéraire cyclable des trois rivières |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Vëlospist vun den dräi Flëss |
vu(n) | Schengen |
op | Veianen |
Längt | 89 km |
déifste Punkt | Waasserbëlleg |
héchste Punkt | Veianen |
Land | Lëtzebuerg |
OpenStreetMap | Vëlospist PC3 |
D'PC3 ass 89 km laang a féiert vu Schengen op Veianen. Se verleeft flaach an op hirer ganzer Längt laanscht déi dräi Flëss, déi d'Grenz mat Däitschland maachen: Musel, Sauer an Our. Den déifste Punkt (134 m) ass zu Waasserbëlleg an den héchsten (240 m) zu Veianen.
Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Schengen, Rëmerschen, Schwéidsbeng, Welleschten, Bech-Maacher, Réimech, Stadbriedemes, Hëttermillen, Éinen, Wuermer, Ohn, Meechtem, Gréiwemaacher, Mäertert, Waasserbëlleg, Méischtref, Bur, Hénkel, Rouspert, Steenem, Iechternach, Weilerbaach, Bollenduerfer Bréck, Grondhaff, Déiljen, Wallenduerfer Bréck, Reisduerf, Héischdref, Bëttel, Furen a Veianen.
D'Pist vun den dräi Flëss huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
Tëscht Reisduerf a Waasserbëlleg féiert d'Vëlospist PC3 zu engem groussen Deel iwwer déi fréier Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg.
Commons: Vëlospist PC3 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.