From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Vëlospist ass en Deel vun der ëffentlecher Verkéiersfläch, dee fir de Vëlosverkéier reservéiert ass. An Europa gëtt se duerch e blot ronnt Schëld mat engem wäisse Vëlo drop ugewisen, da mussen d'Vëloen do drop fueren. Wann d'Schëld véiereckeg ass, da kënne se drop fueren, mä mussen net.
Vëlospiste kënnen op verschidde Manéieren ugeluecht sinn, z. B. laanscht eng Strooss vun där se just duerch eng Markéierung um Buedem getrennt sinn (duebelen oder breeden duerchgezunne Stréch), oder securiséiert doduerch, datt tëscht der Pist an der Strooss eng Sträif Grénges ass, sief et Wues oder Hecken, oder soss en Hënnernes wéi e Gruef, Leitplank oder e Gelänner. Sou Piste sinn normalerweis op den zwou Säite vun der Strooss a ginn an der Direktioun vum Verkéier befuer. Dacks si s'um Buedem duerch eng aner Zort vu Belag markéiert, oder de Belag huet eng aner Faarf. Sou Piste fënnt e besonnesch a Stadgebidder.
Iwwerlandpiste kënnen op Weeër ugeluecht sinn déi soss nach just vum landwirtschaftleche Verkéier benotzt kënne ginn, oder et kënne Weeër sinn, déi nëmme fir Vëloen oder och alt fir Vëloen a Foussgänger reservéiert sinn.
Touristesch Vëlospiste ginn hautdesdaags dacks op desaffektéierten Eisebunnsstrecken, oder op Halterweeër laanscht Kanäl ugeluecht.
Déi éischt Vëlospist, déi an deem Sënn zu Lëtzebuerg ugeluecht gouf, war den Deel vu Reisduerf op Iechternach vun der PC3 dem sougenannten Itinéraire cyclable des trois rivières[1], déi ëm 1975 op Initiativ vum Tourismusministère op der fréierer Sauertstreck amenagéiert gouf. 2011 gouf et 23 touristesch Vëlospisten am Land.
Mam Gesetz vum 28. Abrëll 2015[2] gouf de legale Kader geschaaft fir de Reseau u Vëlospisten zu Lëtzebuerg vun 23 op 41 z'erhéijen[2],[3].
Bekannt Vëlospisten an der Belsch sinn d'Piste vum RAVeL a vum PréRAVel, déi fir de Moment[Wéini ?] awer nach kee feste Belag hunn, a just mat zolittem Geschier wéi VTTsvëloe kënne befuer ginn.
Wann am allgemenge Sproochgebrauch vun enger Vëlospist geschwat gëtt, sou gëtt et am lëtzebuergesche Code de la route awer verschidden Nuancen[4]:
Do dernieft schwätzt d'Gesetz vun 2015[2] vu Vëlosstrecken (itinéraires cyclables) vum nationalen a kommunale Reseau. Dëst sinn deemno Verbindungen tëscht eenzelen Uertschaften. Op dëse Vëlosstrecke weisen z. B. d'Schëlter E, 7b, E, 7c an E, 7d de Wee deen ee fuere muss fir säin Zil z'erreechen.
Commons: Vëlospist – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.