Volker Schlöndorff
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Volker Schlöndorff, gebuer den 31. Mäerz 1939 zu Wiesbaden, ass en däitsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent, dee virun allem fir seng Literaturverfilmunge bekannt ass.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Volker Schlöndorff | |
---|---|
op der See-Conference zu Wiesbaden (2015) | |
Gebuer |
31. Mäerz 1939 Wiesbaden |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun |
Institut des hautes études cinématographiques, Lycée Henri IV |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Universitéitsprofesser, Filmschauspiller, Filmproduzent |
Member vun | Akademie der Künste Berlin, Deutsche Filmakademie |
Famill | |
Bestuet mat | Margarethe von Trotta |
Zoumaachen
Bedeitend Filmer vum Schlöndorf sinn Der junge Törless (1966) no engem Roman vum Robert Musil, Die verlorene Ehre der Katharina Blum (1975) no engem Buch vum Heinrich Böll an Die Blechtrommel (1979) nom Günter Grass sengem Roman.
Hie war och de Regisseur vun der lëtzebuergescher Koproduktioun Der neunte Tag (2004) nom Buch Pfarrerblock 25487 vum Jean Bernard.
Vun 1971 bis 1991 war de Volker Schlöndorff mat der Schauspillerin a Filmregisseurin Margarethe von Trotta bestuet.