From Wikipedia, the free encyclopedia
D'I 11 sinn Eisebunnsvoiturë vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB déi am InterCity- an EuroCitytrafic agesat ginn.
Voiture I11 SNCB | ||
---|---|---|
Stéckzuel: | 198 | |
Constructeur: | BN | |
Baujoren: | 1995 | |
Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
Déngschtmass: | 52 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 26400 mm | |
Héicht: | 4050 mm | |
Héchstvitesse: | 200 km/h | |
Alimentatioun: | 1,5 kV Gläichstroum 3 kV Gläichstroum 15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum 25 kV Wiesselstroum 50Hz |
Déi 142 Mëttelvoiturë goufen am Joer 1995 an 2005 an den Typpen A a B gebaut. Déi 21 Steierween sinn exklusiv mat den SNCB 13 homologéiert.
D'Alimentatioun vun de Voituren iwwer d'Maschinn funktionéiert ënner follgende Reseauen:
Si muss genee wéi déi vun de Lokomotiven op der Grenz vun zwéi Stroumsystemer geännert ginn. Op der InterCity A Streck geschitt dat zweemol an um InterCity O souguer dräimol.
D'Mëttelvoiturë vum Typ A hunn en Zentralgang mat enger Rei eenzele Sëtzer op der enger Säit, an enger duebeler Rei Sëtzer op där anerer. Bei de Mëttelvoiturë vum Typ B sinn op béide Säite vum Gang 2 Sëtzreien.
Mëttelvoiture A | Mëttelvoiture B | ||
---|---|---|---|
Baujoer | 1995 | 1995 | |
Stéckzuel | 36 | 106 | |
Capacitéit | 60 | 80 | |
Héchstvitesse | 200 km/h | ||
Längt | 26400 mm | ||
Nummeréierung | 11801-11836 | 12801-12906 | |
An de Steierween, genannt I11BDx, si genee wéi an de Mëttelvoiturë B, 2 Reie Sëtzer op béide Säite vum Mëttelgang. Well hanner dem Poste de Commande eng Gepäckoflag ass, hunn d'Steierween nëmme 56 Plazen. D'Steierween si vu baussen der Serie 13 SNCB ugepasst, mat där se reversibel bis 200 km/h fuere kënnen.
Steierwon | |||
---|---|---|---|
Baujoer | 1997 | ||
Stéckzuel | 21 | ||
Capacitéit | 58 | ||
Héchstvitesse | 200 km/h | ||
Längt | - | ||
Nummeréierung | 19801-19821 | ||
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.