![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/27/Vierendeelbr%25C3%25A9ck_am_Hafe_vu_L%25C3%25A9ck.jpg/640px-Vierendeelbr%25C3%25A9ck_am_Hafe_vu_L%25C3%25A9ck.jpg&w=640&q=50)
Vierendeelbréck
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Vierendeelbréck ass eng Bréck, déi mat Vierendeelträger gebaut ass. Et ass eng speziell Form vun Dunnebréck.
![]() |
Dëse Bréckenartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/27/Vierendeelbr%C3%A9ck_am_Hafe_vu_L%C3%A9ck.jpg/640px-Vierendeelbr%C3%A9ck_am_Hafe_vu_L%C3%A9ck.jpg)
E Vierendeel-Träger ass en Träger aus véiereckege Rummen ouni Diagonalverstriewungen.
E kann am arméiertem Bëtong sou wéi d'Soyer-Bréck zu Tournai (mam Bou ënner der Fuerbunn) oder, wéi déi meescht, aus Stol (mam Bou iwwer der Fuerbunn) sinn.
E gouf nom belschen Ingenieur Arthur Vierendeel (1852-1940) genannt.
Déi éischt Vierendeelstroossebréck war aus Stol, an ass iwwer d'Schelde tëscht Avelgem a Ruien am Joer 1904 gebaut ginn.
Déi Brécke sinn an der Belsch haaptsächlech als Eisebunnsbrécke gebraucht ginn. Vun 1939 un huet ee se bal iwwerall iwwer den Albertkanal gesinn.
Duerch d'Vergréisserung vum Kanal sinn der vill verschwonnen.
Dacks erkennt ee se net direkt erëm, well der vill ofgeronnte Strukturen hunn an dofir gär mat Boubrécke verwiesselt ginn.