From Wikipedia, the free encyclopedia
De Victor Ferrant, gebuer de 4. Februar 1856 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 27. September 1942 och do, war e lëtzebuergeschen Naturfuerscher a -moler.
Victor Ferrant | |
---|---|
Gebuer |
4. Februar 1856 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
27. September 1942 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Entomolog, Moler, Naturalist |
De Victor Ferrant huet op Dirängele vu sengem Papp hin, dee wollt, datt hie sollt seng Millen d'Ferrantsmillen, déi haiteg Auberge Thillsmillen tëscht Mamer a Koplescht, iwwerhuelen, Handels- an Industriewëssenschaften zu Paräis studéiert. Säin Haaptintressi war awer d'Natur. Zu Paräis huet hien déi zwéi lëtzebuergesch Botaniker Julien Vesque a Guillaume Capus kennegeléiert.
1890 ass de Victor Ferrant an de Service Agricole agetrueden, wou en d'Charge hat, de phytopathologesche Service auszebauen. 1902 gouf e Chef vun deem Service. 1892 gouf e Konservator vun der naturwëssenschaftlecher Ofdeelung vum Staatsmusée. Dës Charge huet en och nach no senger Pensionéierung, 1924, bis zu sengem Doud weidergefouert, well keen Nofollger ze fanne war. 1890 war hie Matgrënner vun der Société des naturalistes luxembourgeois an huet véier Joer d'Presidentschaft vun der Gesellschaft iwwerholl (1890-1892 an och 1894).
Hie war ë. a. Member vun der Société entomologique de Belgique, Membre correspondant vum Muséum de Paris a Membre associé vun der Société d'Anthropologie de Paris.
An der Stad Lëtzebuerg an zu Gonnereng ass eng Strooss nom Victor Ferrant genannt.
Eng ganz Rëtsch Déieren, virun allem Kiewerleken, goufen no him genannt, a kruten de wëssenschaftlechen Numm ferranti. Och eng Gattung gouf no him genannt: Ferrantia lujae (Aartennumm nom Edouard Luja).
De Naturmusée huet eng wëssenschaftlech Publikatiounsserie, déi den Titel Ferrantia dréit.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.