From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Verkéiersluucht ass en Dispositif deen et erlaabt de Verkéier tëscht de verschiddene Stroossebenotzer (Gefierer, Foussgänger, …) ze reegelen.
Eng Verkéiersluucht schreift de Stroossebenotzer e gewëssent Verhale vir doduerch datt se verschidden Zeechen uweist. Déi Zeeche kënnen d'Form vu geometresche Figuren, Fäiler, Symboler oder Opschrëften hunn a liichten entgéint der Richtung an déi de Verkéier fléisst fir dee se bestëmmt sinn.
Déi rechtlech Bezeechnung nom Code de la route fir d'Verkéiersluuchten ass „signaux colorés lumineux“[1].
Verkéiersluuchte ginn haaptsächlech gebraucht fir d'Verkéierssécherheet vun de Stroossebenotzer ze verbesseren an e gewësse Verkéiersfloss ze garantéieren. Hei e puer Beispiller wou Verkéiersluuchte agesat ginn:
Eng Verkéiersluucht gëtt et mat engem Zwee- oder Dräi-Faarwesystem. Beim Zwee-Faarwesystem - dee gemenkerhand just fir Foussgänger an Vëlosfuerer gebraucht gëtt - sinn d'Luuchte rout a gréng, beim System mat dräi Faarwe si se rout, orange (oder giel) a gréng.
Zu Lëtzebuerg, mä och a Frankräich oder an der Belsch, funktionéieren d'Verkéiersluuchten an enger Sequenz vun dräi Positiounen: rout – gréng – orange.
Ënner anerem an Däitschland an an der Schwäiz funktionéieren d'Luuchten an enger Sequenz vu véier Positiounen: rout – rout/orange - gréng – orange. An dësem Fall heescht déi „rout/orange“ Luucht, datt e gläich „gréng“ gëtt.
An Éisträich oder Litauen gëtt et fënnef Positiounen: no der Positioun „3“ weist eng gréng Luucht déi blénkt d'Enn vum „gréng“ un an datt elo gläich „orange“ gëtt.
Fir de Verkéier vum ëffentlechen Transport ze reegele ginn z. B. op de Busspueren speziell Verkéiersluuchten opgeriicht, déi gëlle fir all déi Gefierer, déi iwwer d'Busspuere fueren däerfen. Dës Luuchte liichte wäiss oder hellgiel.
D'Verkéiersluucht gëtt entweeder vertikal opgestallt, mat der rouder Luucht uewen oder horizontal, mat der rouder Luucht lénks. Horizontal Verkéiersluuchte gi relativ seele gebraucht. Am Dräi-Faarwesystem gëtt déi orange Luucht tëscht déi rout an déi gréng placéiert.
Zu Lëtzebuerg - wéi an de meeschten europäesche Länner – stinn d'Verkéiersluuchte virun der Kräizung; si musse prinzipiell op der rietser Säit stoen, kënnen awer op der lénkser Säit oder iwwer der Fuerbunn widderholl ginn. An Ausnamefäll geet et duer wa se nëmmen iwwer der Fuerbunn hänken.
Déi Luuchten déi riets oder lénks nieft der Strooss sti musse sou opgestallt sinn, datt den ënneschte Bord vun der Luucht op d'mannst 2 Meter an héchstens 3,50 Meter iwwer der Strooss hänkt.
Déi éischt Verkéiersluuchten op der Welt, déi mat Gasluuchte funktionéiert hunn, goufen den 10. Dezember 1868 zu London op d'Initiativ vum Eisebunnsingenieur John Peake Knight um Parliament Square a Betrib geholl. Als Chef vun der London, Brighton and South Coast-Eisebunnsgesellschaft war hien der Meenung, datt een d'Signaler vun der Bunn och am Stroosseverkéier asetze kéint[2][3]. D'Wiel vun der Faarf, gréng a rout, orientéiert sech un der Schëfffaart, wou se Backbord an Steierbord kennzeechnen[3].
Den 2. Januar 1869 ass d'Verkéiersluucht wéinst enger futtisser Gasleitung explodéiert a se gouf nees ofgeschaaft[3]. Aner Quellen (z. B. Wort[2]) schreiwen, d'Luucht wier - trotz der Explosioun - nach bis 1872 a Betrib bliwwen.
Déi éischt elektresch bedriwwe Verkéiersluucht gouf de 5. August 1914 zu Cleveland, Ohio, an den USA op der Kräizung Euclid Avenue an East 105th Street a Betrib geholl. Se huet nëmme mat den zwou Faarwe rout a gréng geschafft. Déi éischt dräifaarweg Verkéiersluuchte sinn am Joer 1920 zu Detroit an zu New York a Betrib geholl ginn.
An Europa goufen déi éischt dräifaarweg Verkéiersluuchte 1922 zu Paräis (Rue de Rivoli / Boulevard de Sébastopol) an zu Hamburg (Stephansplatz) installéiert. An den 1920er Jore goufen an Europa Verkéiersluuchten a ville Groussstied installéiert. Méi kleng Stied krute Verkéiersluuchten awer eréischt an den 1950er Joren.
Sou och zu Lëtzebuerg, wou de 5. Juli 1951 eng vun den éischte Verkéiersluuchten an der Stad um Pôle Nord installéiert gouf[4],[5].
Commons: Verkéiersluucht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.