Vergewaltegung
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Vergewaltegung oder e Viol ass e sexuellen Akt mat enger Persoun, déi domat net averstanen ass an déi mat Gewalt oder Dreeungen dozou gezwonge ginn ass. A ville Jurisdiktioune fält d'Vergewaltegung ënner d'sexuell Aggressioun, déi och Akter abegräift, an där et net zum Sex komm ass. Souwuel Frae wéi Männer, mee och Kanner kënnen Affer vun enger Vergewaltegung ginn.
Et ass laang ugeholl ginn, eng Vergewaltegung géif duerch dem Täter seng hemmungslos sexuell Loscht verursaacht ginn. Haut gëtt se awer als pathologesch Manéier verstanenen, seng Muecht iwwer d'Affer ze behaapten.[1]