![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/92/VallesMarinerisHuge.jpg/640px-VallesMarinerisHuge.jpg&w=640&q=50)
Valles Marineris
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Valles Marineris (laténg. fir Mariner-Däller) sinn e wäitleefegt Schluchtesystem um Mars, dat sech laanscht den Equator am Oste vun der vulkanescher Tharsis-Regioun erstreckt. Mat 4000 km Längt, bis zu 700 km Breet a bis zu 7000 m Déift sinn d'Valles Marineris ee vun de gréisste Schluchtbrochsystemer am Sonnesystem. Si gëtt nëmmen nach vum Schluchtsystem op der Äerd an (an der Längt) vum Baltis Vallis op der Venus iwwertraff.
Valles Marineris | |
---|---|
![]() | |
Numm | Valles Marineris |
Lat | 10///S |
Long | 70///W |
Duerchmiesser | 4.000 km |
Déift | 7.000 m |
Benannt no | Sond Mariner 9 |
D'Valles Marineris kruten hiren Numm zu Éiere vun der Sond Mariner 9, op deenen hire Fotoe s'entdeckt goufen.