Mars (Planéit)
véierte Planéit vum Sonnesystem / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mars (planetarescht Symbol: ) ass, vun der Sonn aus gesinn, de véierte Planéit an eisem Sonnesystem. Hien zielt zu den Planéiten déi der Äerd gläichen. Wéinst senger orange- bis bluttrouder Faarf gouf hien nom réimesche Krichsgott Mars genannt a gëtt och de Roude Planéit genannt. D'Fierwung selwer verdankt de Planéit dem Eisenoxid-Stëpps, de sech op der Fläch an an der Atmosphär verdeelt huet. Sou ass de Mars e „raschtege“ Planéit.
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0) | |
---|---|
Grouss Hallefachs | 1.524 |
Exzentrizitéit | 0,0935 |
Perihel | 1,381 |
Aphel | 1,666 |
Bunnschréi | 1,850 Grad |
Ëmlafdauer | 686,980 d |
Oppositiounsintervall | 779,94 d |
Ëmlafvitess | 24,13 km/s |
Klengsten Ofstand zur Äerd | 0,372 AE |
Gréissten Ofstand zur Äerd | 2,683 AE |
Equatorduerchmiesser | 6.792,4 km |
Polduerchmiesser | 6.752,4 km |
Mass | 6,419 • 1023 |
Dicht | 3,933 g/cm3 |
Fluchtvitess | 5,03 km/s |
Rotatiounsperiod | 24 h 37 min 22 s |
Achseschréi | 25,19° |
Albedo | 0,15 |
Maximal Visuell Hellegkeet | −2,91 mag |
Drock | 6 • 10−3 |
Temperatur | 140 K (–133 °C) 218 K (−55 °C) 300 K (+27 °C) |
Kuelendioxid | 95,32 % |
Stéckstoff | 2,7 % |
Argon | 1,6 % |
Sauerstoff | 0,13 % |
Kuelestoffmonoxid | 0,08 % |
Waasser | 0,02 % |
Säin Duerchmiesser ass mat knapps 6800 Kilometer ongeféier hallef sou grouss wéi den Äerdduerchmiesser, säi Volumen ass gutt e Siwentel vun der Äerd. Domat ass de Mars nom Merkur den zweetklengste Planéit am Sonnesystem. Mat enger duerchschnëttlecher Distanz vun 228 Millioune Kilometer ass hie ronn 1,5-mol sou wäit vun der Sonn ewech wéi eis Äerd.
Déi zwou Polkapen an en ettlech donkel Fläche si mat groussen Teleskope gutt ze gesinn. Fotoe vun de Raumsonde weisen eng deelweis mat Kratere bedeckt Uewerfläch a staark Spuere vu fréierer Tektonik (déif Canyonen a fënnef iwwer 20 km héich Vulkaner). Marsroboteren hunn an der Tëschenzäit schonn en ettlech Gebidder geologesch ënnersicht.
D'Zeeche vum Mars soll e Schëld mat engem Speer deen dohanner steet duerstellen a steet fir de réimesche Krichsgott; an der Biologie symboliséiert et dat männlecht Geschlecht: ♂.
De Mars huet zwéi kleng, onreegelméisseg geformt Mounden, déi 1877 entdeckt goufen: Phobos an Deimos (griichesch fir Fuercht a Schreck).