University of South Florida
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'University of South Florida (kuerz USF) ass déi véiertgréisst Universitéit am US-amerikanesche Bundesstaat Florida. Si huet hiren Haaptcampus zu Tampa. Am Joer 2016-2017 hat d'USF e Budget vu ronn 1,6 Milliarden US-Dollar an et waren 49.591 Studenten ageschriwwen.[1]
Séier Fakten Typ, Land ...
| |
![]() | |
University of South Florida | |
---|---|
Typ | Universitéit, ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA |
Land | USA |
Schülerzuel | 47.646 |
2012; 1. September 2021 | |
Gegrënnt | 1956 |
Um Spaweck | http://www.usf.edu/ |
![]() |
Zoumaachen
D'USF ass eng renomméiert Fuerschungsuniversitéit. 2015 stoung si op Plaz néng an der Lëscht vun den amerikaneschen Universitéiten, déi am meeschte Patenter ugemellt hunn.[1]
Si ass 1956 als éischt onofhängeg amerikanesch Staatsuniversitéit vum 20. Joerhonnert gegrënnt ginn. Déi éischt Coursen hunn am September 1960 ugefaangen. 1971 ass d'Schoul fir Medezin opgaangen.[2]