From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Uhu (Bubo bubo) ass eng Vullenaart aus der Gattung vun den Uhuen (Bubo), déi zu der Uerdnung vun den Eilen (Strigiformes) gehéiert.
Den Numm „Uhu“ ass eng Onomatopee a geet op de Balzruff vum Déier zeréck.
Lokalvarianten am Lëtzebuergesche sinn[1]: Uhub, Hubb, Hubo, Hugo, Schuhu, Juhu, grouss Huereil a grouss Hueréchel.
Den Uhu ass déi gréisst rezent Eilenaart op der Äerd. D'Weibercher sinn e gutt Stéck méi grouss wéi d'Männercher. Wat een an Europa méi vu Südwesten no Nordoste geet, wat, d'Uhue méi grouss ginn. De Kapp ass grouss an huet opfälleg laang Plommenoueren, déi normalerweis schif no ënnen oder no der Säit ewechstinn. Am Gesiicht huet den Uhu deen typesche Gesiichtsschleier. A Mëtteleuropa sinn d'Fiedere vum Kierper hellbrong mat donkelbronge Sträifen. De Réck ass méi donkel wéi de Bauch an d'Flilleken ënnendrënner méi hell wéi uewendrop.
Uhue liewen an Nordafrika, Europa an Asien. An Europa gëtt et en net an Nordfrankräich, op de britteschen Inselen an op Island. Et gëtt geschat, datt et an Europa eng 2000 Uhuskoppele gëtt.
Ufanks Mäerz leet d'Uhu-Weibchen zwee bis dräi Eeër. Déi Kleng kommen no ronn 34 Deeg op d'Welt. No 6 Deeg kann den Nowuess op de Feeschte stoen, eréischt no 3 Wochen op hire Féiss. Mat 8 Wochen traue se sech dann un hir éischt Fluchübungen erun. Déi Kleng gi 5 Méint laang gefiddert, duerno musse si selwer kucke fir hiert Friessen ze fannen. Nëmmen 3 vun 10 jonken Uhuen iwwerliewen dat éischt Liewensjoer; vill vun hinne ginn Affer vu Stroumleitungen oder vum Verkéier. A fräier Natur kënnen d'Uhue bis zu 30 Joer al ginn, a Gefaangenschaft souguer duebel sou al.[2]
Den Uhu ass e Raubvull an erniert sech vun Déieren, déi e fänkt an doutmécht. Dat ass sou zimmlech alles, wat e meeschter gëtt: all méiglech Vigel, Knabberdéieren (Raten, Mais, Kaweechelcher,...), Kannéngercher, Fiiss, Marderen, asw. Wann e soss näischt fënnt erniert e sech och vun Déieren, déi schonn dout sinn.
Säi Koseng an Amerika ass den Amerikaneschen Uhu (Bubo virginianus)
Um Ufank vum 20. Joerhonnert konnt een zu Lëtzebuerg den Uhu nach an der Géigend vu Rolleng (Miersch), Mariendall, Marscherwald a Kautebaach fannen. 1928 soll hien nach am Ourdall an an der Veianer Géigend gebréit hunn, duerno war den Uhu zu Lëtzebuerg als Brutvugel ausgestuerwen.[3]
An de 1970er Jore sinn erëm vereenzelt Uhuen am Land gesi ginn. 1982 huet dann nees fir d'éischt zanter Joerzéngten eng Koppel am Land gebréit, an zwar am Südosten,[4] an der Géigend vun Duelem. Zanterhier ass den Uhu op en Neits fest zu Lëtzebuerg installéiert (15-20 Koppelen am Joer 2007; 20-22 Koppelen am Joer 2022).[5],[2]
2022 gouf den Uhu zum Vull vum Joer ernannt.[2]
Commons: Uhu (Bubo bubo) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.