Uertschaftsschëld
Schëld, dat den Ufank oder d'Enn vun enger Uertschaft ugëtt / From Wikipedia, the free encyclopedia
En Uertschaftsschëld ass e Schëld, dat um Ufank oder um Enn vun enger Uertschaft steet an den Numm vun der Uertschaft ugëtt. Uertsschëlter zielen zu den Hiwäisschëlter, well se de Stroossebenotzer eng Hëllef bei der Orientéierung sinn. A ville Länner zielt d'Uertschaftsschëld awer och als Verkéiersschëld mat reglementarescher Bedeitung, well et ënner anerem uweist vu wou aus un déi Vitess déi bannent enger Uertschaft zielt ufänkt oder ophält.
Uertschaftsschëlter sinn international net eenheetlech definéiert, weeder wat d'Faarf nach de Layout ugeet. De wichtegste Bestanddeel vum Uertschaftsschëld ass op jiddwer Fall den Numm vun der Uertschaft. E gëtt an der jeeweileger Sprooch vum Land uginn. A méisproochege Länner kann et och sinn, datt en a méi wéi enger Sprooch ugi gëtt.
Vill Länner halen sech am Kader vun hirer Memberschaft un d'Reegele vun der Wiener Konventioun iwwer Verkéierszeechen déi festhält, datt Uertschaftsschëlter ((en) Signs indicating the beginning and the end of a built-up area) den Numm, de Piktogramm vun der Stad oder béides enthalen. Um Enn vun der Uertschaft gëtt den Numm mat engem oder méi roude Strécher duerchgestrach. D'Schrëft soll donkel op wäissem oder hellen Hannergrond sinn.