From Wikipedia, the free encyclopedia
Den UY Scuti ass e Rouden Iwwerris am Stärebild Scutum. Hie gehéiert zu der gréisste Stären déi bekannt sinn.
UY Scuti | |
Stärebild: | Scutum Sct |
Daten | |
---|---|
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 18h 27m 36,533s |
Deklinatioun | - 12° 27' 58,8893" |
visuell Magnitude | + 11,2 mag |
Spektralklass: | M2-M4Ia-Iab |
verännerleche Stärtyp | SRC |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (18,33 ± 0,82) km/s |
Parallax | (0,64 ± 0,11) mas |
Distanz | (5000 ± 1200) Lj |
Aner Bezeechnungen | |
Bayer-Bezeechnung | UY Scuti |
Bonner Duerchmusterung | BD −12° 5055 |
Tycho-Katalog | TYC 5698/5176/1 |
Weider Katalogen | 2MASS J18273652-1227589 |
D'Distanz vum UY Scuti gëtt mat ongeféier 1500 Parsec ugeholl (dat entsprécht 5000 Liichtjoer); wat awer net sécher ass. Et ass e verännerleche Stär mat enger Period vu 740 Deeg. Wéinst senger Positioun bannenzeg dem Hertzsprung-Russell-Diagramm a sengem schwéiere Masseverloscht schéngt et sech ëm e Stär ze handelen, deen a senger Stärentwécklung am Spéitstadium vu senger Brennphas ass. Hien huet d'Haaptrei virun en ettleche Millioune Joer verlooss.
De Radius vun dësem Stär ass net ofschléissend bestëmmt. An enger am Joer 2013 publizéierter Studie gouf de Wénkelduerchmiesser vum Objet interferometresch bei Gebrauch vun der mëttlerer grauer Rosseland-Opazitéit zu 5,48 ± 0,10 mas bestëmmt. Wann een eng duerch Modelléierung vum Spektrum geschaten Distanz vun 2900 pc unhëlt dann hätt hien en Duerchmiesser vu ronn 1700 Sonneradien, wat déi grouss Hallefachs vun der Ëmlafbunn vum Jupiter iwwertreffe géif.
Den éischten Deel UY vun der Bezeechnung seet no de Reegele vun der Benennung vu verännerleche Stären, datt den UY Scuti den 38. verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Scutum entdeckt gouf. Den zweeten Deel vum Numm Scuti entsprécht dem Geenitiv vum laténgeschen Numm vum Stärebild Schëld: Scutum.
Commons: UY Scuti – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.