Giele Ris
From Wikipedia, the free encyclopedia
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Giele Ris ass e masseräiche Stär mat Spektralklassen F a G.
Giel Risestäre stralen hiert Liicht virun allem am visuelle Beräich an erschéngen opgrond vun hirer Uewerflächentemperature gielzeg resp. gielwäiss. Giel Rise si méi kill a méi massenaarm wéi vergläichbar änlech grouss Bloe Risen. Am Géigesaz zu Rout Risen, déi hir Gréisst eréischt am Endstadium vun hirer normaler Stärenentwécklung erreechen, wa si sech ausdehnen, sti Giel Risen am Ufank oder an der Mëtt vun hirem Liewen. Bei villen handelt et sech awer ëm fréier Blo Risen oder schwéier Haaptreiestäre, déi sech mat enger gieler Phas kuerz virun hirem Enn a Rout Rise oder Rout Iwwerrisen ëmwandelen.
Mat 5000–7500 K ass hir Uewerflächentemperatur vergläichbar mat där vun eiser Sonn. Giel Rise sinn ëmmer am mëttleren ieweschte Beräich vum Hertzsprung-Russell-Diagramm.
Giel Rise verbrauchen hire Kärbrennstoff an zéng bis honnert Millioune Joer. Duerno blose si sech zu Rouden Iwwerrisen op an enden an engem Typ II-Supernova.
Numm | Mass | Radius | Liichtkraaft |
---|---|---|---|
Arneb (α Lep A) | 9 M☉ | 75 R☉ | 13.000 L☉ |
Canopus (α Car) | 8 M☉ | 72 R☉ | 14.800 L☉ |
Capella Aa (α Aur Aa) | 3 M☉ | 10,8 R☉ | 75,8 L☉ |
My Velorum A (μ Vel A) | 3 M☉ | 13 R☉ | 90,6 L☉ |
Sham (α Sge A) | 4 M☉ | 20 R☉ | 340 L☉ |
Wezen (δ CMa) | 17 M☉ | 200 R☉ | 50.000 L☉ |
Am Allgemenge si Giel Rise relativ rar.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.