Tripticon+
From Wikipedia, the free encyclopedia
Tripticon+, mat vollem Numm Trame régionale pour l'initiation professionnelle aux technologies de l'information et de la communication - Ouest-nord, plus langues, war e Weiderbildungsprojet, an deem sengem Kader Computer- a Sproochecoursen am Norde vu Lëtzebuerg organiséiert goufen.
![]() |
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
D'Vereenegung "Comité luxembourgeois pour les langues moins répandues" a.s.b.l., genannt "Sproochenhaus", ass Träger vum Projet Tripticon+ an zanter Dezember 2005 als unerkanntene Weiderbildungsveranstalter vum Bildungsministère registréiert.
Vun 2003 un ass d'Tripticon-Team aktiv a këmmert sech ëm d'Organisatioun vu Computer- a Sproochecoursen am Norde vum Land. Iwwer 5000 Awunner hu sech zanterhier schonn an d'Weiderbildungsaktivitéiten, déi vun Tripticon an hirer Gemeng organiséiert gi sinn, ageschriwwen (Stand Mee 2008). Eleng am Schouljoer 2007/2008 sinn 2036 Aschreiwunge fir Coursen notéiert ginn.
De Projet Tripticon ass aus enger Leader-Initiativ entstanen, mam Zil Computercoursen am Nord-Weste vu Lëtzebuerg z’organiséieren. Mat der Zäit ass d'Offer u Coursen ëm Sproochecoursen a Course rondrëm Carrière a Beruff ausgebaut ginn. 2005-2008 gëtt Tripticon+ zu 45 % vum Europäesche Sozialfong an zu 55 % vum Bildungsministère finanzéiert.
Partner vum Projet sinn, nieft dem Bildungsministère an dem Service e-Lëtzebuerg, follgend 35 Gemengen aus de Kantone Klierf, Veianen, Réiden, Wolz an Dikrech (Stand Dezember 2007):
Tripticon+ schafft de Moment mat ongeféier 85 Formatricen/Formateuren zesummen, déi sech och reegelméisseg weiderbilden a sech un international Standarden wéi zum Beispill „Europäesche Computerführerschäin“ (ECDL: Europen Computer Driving Licence) an "Gemeinsamer europäischer Referenzrahmen für Sprachen" orientéieren.