Traité iwwer d'Asetze vun engem gemeinsame Conseil an enger gemeinsamer Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Traité iwwer d'Asetze vun engem gemeinsame Conseil an enger gemeinsamer Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften, vereinfacht Fusiouns-Traité oder och Traité vu Bréissel genannt, ass en Euopäeschen Traité, deen den 8. Abrëll 1965 zu Bréissel tëscht de 6 Grënnungs-Memberstaate vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft ënnerschriwwe gouf. En ass den 1. Juli 1967 a Kraaft getrueden.
Mam Traité goufen d'Exekutiv-Strukturen, déi duerch den EWG-Vertrag, de CECA-Vertrag an den Euratom-Vertrag agesat gi waren, fusionéiert. Zu där Zäit gouf et schonn e gemeinsame Geriichtshaff an e gemeinsaamt Parlament.
En huet de Conseil an d'Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften geschaf, déi een eenzege Budget zesummen haten an hire Sëtz zu Bréissel haten.