Tony Krier
lëtzebuergesche Fotograf a Journalist From Wikipedia, the free encyclopedia
lëtzebuergesche Fotograf a Journalist From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Antoine (Tony) Krier, gebuer den 21. Juli 1906 zu Hamm, a gestuerwen den 22. September 1994 um Houwald, war e lëtzebuergesche Fotograf a Journalist.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Fotograf a Journalist Antoine "Tony" Krier. Fir de Gewerkschaftler a Politiker ("Kréiesch Tunn"), kuckt wgl. Antoine Krier. |
Tony Krier | |
---|---|
Gebuer |
21. Juli 1906 Hamm |
Gestuerwen |
22. September 1994 Houwald |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
Hie war Hafffotograf, huet fir d'Luxemburger Wort geschafft a Fotosbicher publizéiert. Seng Sujete waren nieft Portraiten och Landschaftsopnamen. Bekannt sinn och seng direkt nom Zweete Weltkrich publizéiert zwee Bicher Luxembourg Martyr 1940 1945, wouran ë. a. déi an der Ardennenoffensiv zerstéiert Dierfer androcksvoll dokumentéiert sinn.
Wéi d'Héich Autoritéit vun der CECA sech 1952 zu Lëtzebuerg néiergelooss huet, war hie mam Théo Mey ee vun den aktiivste fräiberuffleche Fotografen. Seng Biller vun där Zäit sinn an alle grousse Fotothéiken erhale bliwwen.
Seng ronn 400.000 Fotoe sinn an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg archivéiert.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.