From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tony Blackplait (eigentlech: Tõnu Trubetsky), gebuer de 24. Abrëll 1963 zu Tallinn an Estland, ass de Bouf vum Fürst Jan Trubetsky an en estesche Punk-Rock-Sänger.
Tony Blackplait | |
---|---|
Gebuertsnumm | Tõnu Trubetsky |
Gebuer |
24. Abrëll 1963 Tallinn |
Nationalitéit | Estland |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmproduzent, Dichter, Filmregisseur, Sänger, Journalist, Komponist, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Politiker |
Mat nëmme 14 Joer huet de Blackplait 1977 zesumme mat engem Kolleeg, dem Punk-Rock-Gittarist Anti Pathique, seng Musekscarrière ugefaangen. Hien ass/war Member vun de Museksgruppe Vennaskond, Felis Ultramarinus, The Un Concern, Black September a The Flowers Of Romance.
1993 huet de finnesche Filmregisseur Pekka Karjalainen de Blackplait gefrot op en net wéilt bäi sengem Film Hysteria matmaachen. Dee war direkt domat d'accord an huet d'Lidd Riga My Love am Film gesongen, säin éischte remarkabelen Erfolleg. Richteg bekannt ginn ass de Blackplait awer wéi en 1999 mat Vennaskond den estlänneschen Nummer 1 Hit Insener Garini Hüperboloid hat.
Den Tony Blackplait war bestuet mat der Anu Klyszejko, mat där en dräi Kanner huet: d'Reginleif (* 20. September 1989), den Tõnu (* 30. Dezember 1990) an d'Madeleine Angelique (* 30. Juni 1993). Duerno huet de Blackplait sech nach zweemol bestuet, an zwar mat der Maret Pärnamets a mat der Margit Roosileht.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.