amerikanesche Journalist an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tom Wolfe, gebuer als Thomas Kennerly Wolfe Jr. den 2. Mäerz 1931 zu Richmond, Virginia, a gestuerwen de 14. Mee 2018[1] zu Manhattan war en US-amerikanesche Schrëftsteller, Journalist, Konscht- an Architekturkritiker an Illustrateur. De Wolfe zielt zesumme mam Truman Capote, Norman Mailer, Hunter S. Thompson a Gay Talese zu de Grënner vum New Journalism, engem Reportagestil bei deem literaresch Elementer an net-fiktionalen Texter agesat ginn.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller Tom Wolfe (1931-2018). Fir de Schrëftsteller mam Numm Thomas Wolfe (1900-1938), kuckt wgl. Thomas Wolfe. |
Tom Wolfe | |
---|---|
Gebuertsnumm | Thomas Kennerly Wolfe Jr. |
Gebuer |
2. Mäerz 1930 Richmond |
Gestuerwen |
14. Mee 2018 New York |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Yale Universitéit, Washington and Lee University |
Aktivitéit | Journalist, Romancier, Reporter, Essayist, Saachbuchauteur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Prosaist |
Partei | Republican Party |
Member vun | American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences |
Dem Wolfe säi Markenzeeche war e wäissen oder vanillfaarwege Kostüm.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Wolfe gouf haaptsächlech duerch säin Debut-Roman The Bonfire of the Vanities ((de)Fegefeuer der Eitelkeiten) bekannt, deen 1987 erauskoum. Am Bestseller geet et ëm de Boom op der Bourse an den 1980er Joren an ëm déi reng materiell orientéiert Kultur an der Zäit vum Reagan. Um Beispill vum wäisse Wallstreetbroker Sherman McCoy, op deen eng Hexejuegd gemaacht gëtt well hien zesumme mat senger Frëndin um Doud vun engem Schwaarzen aus der Bronx schëlleg ass, weist de Wolfe meeschterhaft den Zynismus vun de Leit aus der Groussstad New York. D'Buch, dat dacks – nieft dem Bret Easton Ellis sengem American Psycho – als dat exemplarescht New Yorker-Buch aus den 1980er ugesi gëtt, gouf 1990 vum Brian De Palma op eng ëmstridde Manéier verfilmt.
Commons: Tom Wolfe – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.