Titius-Bode-Rei
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Titius-Bode-Rei ass eng empiresch Reegel iwwer d'Ofstänn vun de Planéiten zur Sonn.
Duerno ass den Ofstand d vum Planéit zur Sonn (an Astronomeschen Eenheeten):
d = 0,4 + 0,3 * k
woubäi k = 0, 1, 2, 4, 8, 16, 32, 64, 128, dat heescht k ass 0 respektiv eine Zweerpotenz.
Planéit | k | Ofstand, berechent no der T-B-Rei |
Tatsächlechen Ofstand |
---|---|---|---|
Merkur | 0 | 0,4 | 0,39 |
Venus | 1 | 0,7 | 0,72 |
Äerd | 2 | 1,0 | 1,00 |
Mars | 4 | 1,6 | 1,52 |
- | 8 | 2,8 | - |
Jupiter | 16 | 5,2 | 5,20 |
Saturn | 32 | 10,0 | 9,54 |
Uranus | 64 | 19,6 | 19,2 |
Neptun | - | - | 30,1 |
Pluto | 128 | 38,8 | 39,5 |
Wéi ee gesäit stëmmt d'Reegel bis op e puer Prozent genee mat den tatsächlechen Ofstänn iwwereneen. Allerdéngs gëtt et zwou Ausnamen:
- Zwëscht dem Mars an dem Jupiter ass kee Planéit, dofir awer d'Haaptasteroidenceinture.
- Den Neptun huet keng Plaz an der Titius-Bode-Rei, dofir huet de Pluto seng Plaz ageholl.
Et gëtt keng sécher Erklärung firwat d'Ofstänn vun de Planéite sech no der Titius-Bode-Rei verhalen. Eng méiglech Ursaach wier de Resonanz-Effet tëscht de Planéiten. Simulatiounen iwwer d'Entstoe vu Planéitesystemer schéngen dat ze bestätegen. Et ass awer och méiglech, datt et sech bei der Titius-Bode-Rei ëm eng reng zoufälleg Zuelekonstellatioun handelt.
Fir de Fall, dat et sech bei der Reegel net nëmmen ëm Zoufall handelt, gëtt et och Hypotheese fir déi zwou uewegenannten Ausnamen:
- D'Objeten an der Haaptasteroidenceinture kéinte Brochstécker vun engem Planéit sinn, deen no enger Kollisioun zerbrach ass.
- D'Ëmlafbunne vum Neptun a vum Pluto kéinte vun engem Objet mat enger grousser Mass deen no laanscht se geflunn ass, gestéiert a verännert gi sinn.