Thomas Sankara
President vum Burkina Faso (1984-87) / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Thomas Isidore Noël Sankara, gebuer den 21. Dezember 1949 zu Yako a gestuerwen de 15. Oktober 1987 zu Ouagadougou, war e burkinesche Politiker, Offizéier, Revolutionär, Panafrikanismus- a Marxismus-Aktivist[1],[2],[3]. Hie war am Joer 1983 de 5. Premierminister, a vun 1983 bis 1987 de 5. President vun der Republik Burkina Faso[4].
Thomas Sankara | |
---|---|
Gebuertsnumm | Thomas Isidore Noël Sankara |
Gebuer |
21. Dezember 1949 Yako |
Gestuerwen |
15. Oktober 1987 Ouagadougou |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | Uewervolta, Burkina Faso |
Aktivitéit | Politiker, Offizéier, Staatsmann, Zaldot |
De Sankara huet a sengem Land eng jett politesch a sozial Reformen duerchgesat. Sou huet hien de Land- a Grouwebesëtz vun auslännesch Gesellschafte verstaatlecht, Schoulen, Spideeler a Sozialwunnenge baue gelooss, Impfprogrammer duerchféiere gelooss, weiblech Beschneidung verbueden, d'Roll vun der Fra an der Gesellschaft opgewäert, Beem géint d'Desertifikatioun uplanze gelooss, asw[5]. Hie gëllt als "den afrikaneschen Che Guevara"[1].
Hie gouf beim Putsch vum deemolege Justizminister Blaise Compaoré, dee bis 2014 säin Nofollger als President war, ermuert[1].
Den Thomas Sankara war de Museksauteur vun der burkinescher Nationalhymn, an am Joer 1984 huet hien d'Land Uewervolta op den neien Numm Burkina Faso ëmbenenne gelooss[1].