Terreur zu Nantes
From Wikipedia, the free encyclopedia
Haaptartikel zu dësem Theema: Krich an der Vendée
No der Virée de Galerne an der Néierlag vun der kathoulescher a kinneklecher Arméi am Krich an der Vendée 1793 huet d'franséisch Regierung eng Rei vu Repressiounsmoossnamen ergraff, eng dovu war d'Terreur zu Nantes.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/1/14/Jean-Baptiste_Carrier.jpg)
Als Envoyé en mission an déi fënnef bretonesch Departementer duerch en Dekreet vum 14. August 1793 huet sech de Jean-Baptiste Carrier no engem Arrêté vum Comité de salut public vum 29. September zu Nantes installéiert (wou hien och bliwwen ass, obschonn en Dekreet vum 13. Oktober hien zu der Armée de l'Ouest mam Bourbotte, Francastel an Turreau geschéckt huet). Wéi hien den 8. Oktober ukomm ass, huet sech him eng Stad presentéiert, déi tëscht dem Vollek an den Notabelen an zwee gedeelt war. Enn September/Ufank Oktober hat säi Virgänger, de Philippeaux, d'Administratiounen, déi 1792 gewielt gi waren ausser Kraaft gesat, an e Comité an e Geriicht geschaf. Dëst Geriicht huet d'Compagnie Marat forméiert, eng kleng revolutionär Arméi vun enger 60 Männer, déi am Hafe rekrutéiert goufen.
De Carrier hat d'Instrumenter vun enger Politik vun der Terreur, an huet d'Kar, wat hien an der Vendée requisitionéiert huet, benotzt fir d'Arméi an déi kleng Bevëlkerung vun Nantes z'ernieren. Hien huet eng Geheimpolice (als Konkurrenz zu der Compagnie Marat) gegrënnt, an d'Prozedur fir d'Revolutiounsgeriicht vereinfacht. 144 Leit goufen am November an Dezember guillotinéiert, well si verdächtegt goufen, mat de Vendéens zesummenzeschaffen. No der Schluecht vu Savenay goufen Dausende vu Gefaangenen an d'Prisonge vun Nantes gehäit, a méi spéit, wéi keng Plaz méi war, an d'Lagerhale vum Hafen (wou vill Prisonéier duerch Epidemien ëm d'Liewe komm sinn). Well si eng sanitär Gefor fir d'Stad waren, a well si Unhänger vun der Géigerevolutioun waren, gouf eng militäresch Kommissioun gegrënnt ; vun Enn Dezember bis Enn Februar goufen 2.600 Leit erschoss (mat engem Maximum vun 200 Exektutiounen den Dag). Mä well et net méi méiglech war, all dës Leit ze begruewen, a well d'Exekutiounen net duergaange sinn, huet de Carrier d'« Mariages républicains » organiséiert, wou massiv "Brigange" vum Opstand erdronk goufen[1].
Déi genee Zuel vun dësen « Noyades » (tëscht 7 an 11) ass net bekannt, mä et goufe wuel 300-400 Persounen all Kéier op de Buedem vun der Loire geschéckt[2]. Fir d'Zuel vun den Affer gëtt et verschidden Evaluatiounen. 1839 schwätzt den Ange Guépin vun 3 500 Doudeger. 1924 schätzt de Gaston Martin d'Affer op 1 800. Méi rezent schätzt den Alfred Lallie d'Zuel op 4 860 Affer. De Jean-Clément Martin, erkläert datt « près de 4 000 personnes au moins meurent de ces noyades. 10 000 sans doute au total disparaissent pendant les quelques mois que Carrier passe à Nantes. »[3]
Ausserdeem goufen 132 Notabelen als Federaliste festgeholl, an op Paräis virun d'Revolutiounsgeriicht bruecht ; 12 si bei der Rees ëm d'Liewe komm, a 24 am Prisong. Dës Exactioune goufe vum Jullien de Paris, Agent vum Comité de salut public, ugeklot, an de Carrier war gezwonge säi Rappel den 9. Pluviôse vum Joer II ze froen[4].