![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/78/Tennessee_Williams_NYWTS.jpg/640px-Tennessee_Williams_NYWTS.jpg&w=640&q=50)
Tennessee Williams
US-amerikaneschen Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Thomas Lanier "Tennessee" Williams III, gebuer de 26. Mäerz 1911 zu Columbus, Mississippi a gestuerwen de 25. Februar 1983 zu New York, war en US-amerikaneschen Theaterschrëftsteller, deem säi Wierk haut zu den engleschsproochege Klassiker vum 20. Joerhonnert gezielt gëtt.
Tennessee Williams | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Thomas Lanier Williams |
Gebuer | 26. Mäerz 1911 |
Gestuerwen |
25. Februar 1983 New York |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
University of Iowa, Washington University in St. Louis, Universitéit vum Missouri, The New School |
Aktivitéit | Dramatiker, Romancier, Dréibuchauteur, Dichter, Schrëftsteller |
Member vun | American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences |
![]() |
Nodeem e jorelaang weider kee grousse Succès hat, hat en 1944 den Duerchbroch mat The Glass Menagerie. E groussen Erfolleg hat en och an de Joren duerno, absënns mat Stécker wéi A Streetcar Named Desire, Cat on a Hot Tin Roof, Orpheus Descending, The Rose Tattoo, The Night of the Iguana, Suddenly Last Summer a Sweet Bird of Youth. An den 1960er Joren huet hien en neie Stil pausprobéiert, deen awer net sou gutt beim Publikum ukomm ass. Alkohol- and Drogenofhängegkeet haten zousätzlech e schlechten Impakt op säi spéidert Schafen.[1]
De Williams huet eng Rëtsch vu senge bekanntste Stécker fir de Kino adaptéiert, wou se mat Stare wéi Marlon Brando, Elizabeth Taylor oder Katharine Hepburn mat Succès verfilmt goufen. Hien huet ausserdeem Kuerzgeschichten, Gedichter, Essayen a Memoire geschriwwen.
Vill vu senge Stécker hunn autobiographesch Elementer, an thematiséieren tëschemënschlech Relatiounen a psychesch Stéierungen.