![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/6b/T_Tauri.jpg/640px-T_Tauri.jpg&w=640&q=50)
T-Tauri-Stär
From Wikipedia, the free encyclopedia
T-Tauri-Stäre (TTS) si jonk Stären am Alter vu manner wéi eng Millioun Joer, déi d'Spektralklass F bis M an eng Mass tëscht 0,07 an 3 Sonnemassen hunn. An hirem Kär gëtt et nach keng oder eréischt zanter kuerzem thermonuklear Reaktiounen. Sou ee Stär ass nach net am hydrostatesche Gläichgewiicht, wouduerch en zu méi oder manner heftegen Ausbréch tendéiert. Staark bipolar Stréimungen triede mat e puer honnert Kilometer pro Sekonn aus hirem Kär eraus; do, wou d'Jets Schockfronte formen an den interstellare Gas ophëtzen, kënnen Niwwelen déi liichten, sougenannt Herbig-Haro-Objeten, observéiert ginn.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/6b/T_Tauri.jpg/320px-T_Tauri.jpg)
T-Tauri Stäre sinn an der Reegel am Kär vun dichten, interstellare Wolleken nieft jonke Stäre vun de Spektralklassen O a B ze fannen. Trotz hirer fréier Entwécklungsphas sinn T-Tauri Stäre méi liichtkräfteg wéi Haaptreiestären, déi déi selwecht Temperatur hunn. Hir Spektre hunn heiansdo e puer staark Emissiounslinnen, déi aus engem dënne Gasmantel stamen, dee ronderëm déi Stären ass. Besonnesch an der Rho-Ophiuchus-Stëbswollek gouf eng grouss Zuel vun dëse Stären opgrond vun hirer staarker Infraroutemissioun fonnt. Lokal Verbänn aus T-Tauri-Stäre ginn als T-Associatioune bezeechent. Dacks ginn dës Stäre vun enger zirkumstellarer Scheif ëmkreest, déi als Virleefer vu Planéitesystemer ugesi gëtt.
De Prototyp vun dëser Stäreklass ass den T Tauri, en irreguläre Verännerlechen an enger donkeler Stëbswollek am Stärebild Taurus (Stéier).