Verännerleche Stär
From Wikipedia, the free encyclopedia
E ganze Koup vu Stären hu keng gläichbleiwend Liichtkraaft wéi z. B. eis Sonn, mä weisen onreegelméisseg oder periodesch Hellegkeetsschwankungen a ginn dofir verännerlech Stären, variabel Stären oder kuerz Verännerlecher genannt.
Dës Hellegkeetsschwankunge sinn net ze verwiessele mat der Szintillatioun, dem Fonkele vun de Stären, dat duerch d'Loftonrou ausgeléist gëtt.
Engersäits hunn d'Observatiounen an de Fortschrëtt d'Wëssen iwwer verännerlech Stären enorm verbessert, anerersäits ass et ganz komplizéiert ginn, eng sënnvoll allgemeng gëlteg Definitioun ze fannen, fir verännerlech Stäre vun den onverännerlechen ofzegrenzen:
- Eng Hellegkeetsverännerung spillt sech an Zäitraim of, déi am Verglach zu der allgemenger Stärenentwécklung als kuerz unzekucken ass. (Liichtwiessel an Zäit vu Joerzéngten)
- De Liichtwiessel ass am opteschen an am noen infraroude Beräich ze gesinn. (Et bleift ze bemierken, datt eis Sonn, déi onverännerlech ze si schéngt an extreeme Wellelängteberäicher en eendeitege Liichtwiessel opweist.)
- D'Amplitude vun der Hellegkeetsschwankung ass visuell souwéi fotografesch oder liichtelektresch noweisbar.