Den Tëtelbierg ass eng Kopp am Südweste vu Lëtzebuerg, an der Gemeng Péiteng, op der Grenz mat der Gemeng Déifferdeng.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kopp „Tëtelbierg“. Fir de kelteschen Oppidum, kuckt wgl. Kelteschen Oppidum um Tëtelbierg. |
Tëtelbierg | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Péiteng |
Héicht | 396,6 m |
Koordinaten | 49°32'19,7"N, 5°51'33,8"O |
Et ass den nordwestlechsten Ausleefer vun der Minettscuesta, dee ganz op Lëtzebuerger Terrain läit. Am Nordosten dovu läit de Prënzebierg, den absolut nërdlechsten Ausleefer vum Minettsplateau zu Lëtzebuerg.
An der Topographie gläicht den Tëtelbierg, dee ronn 50 ha um Plateau huet, enger grousser Raut, där hir Spëtz no Nordwesten an den Dall vun der Kuer weist. Déi héchst Plaz läit op knapp 397 m, an en ass duerch eng Zort Isthmus mat dem Rescht vum Plateau zur Déifferdenger Säit verbonnen. Op där Zong, déi um Plateau eng ronn 200 Meter breet ass, läit eng Butte, déi den Tëtelbierg no Südosten ofschléisst. Südëstlech dovu fält den Terrain dann op e Col mat 387 m, deen den Tëtelbierg vun de méi héije Koppen ëm Déifferdeng an Nidderkuer trennt.
Am Westen, Norden an Osten, leien ëm de Bierg géi Häng, op deenen hirem Fouss bis ongeféier an den hallwe Bierg, d'Entréeë vun den 21 Minière leien, déi ënner dem ganze Bierg verdeelt waren.
Den Tëtelbierg, vun deem aus ee plazeweis eng gutt Vue iwwer d'Guttland, bei guddem Wieder bis an d'Stad huet, ass haaptsächlech wéinst senger keltescher Vergaangenheet bekannt. Bei Ausgruewunge gouf e kelteschen Oppidum fräigeluecht.
Kuckeswäert ass och nach d'Muttergottes ouni Hänn op der Muttergottesknippchen.
Commons: Tëtelbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.