Summerzäit
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Summerzäit versteet ee gemenkerhand d'Auerzäit, déi géintiwwer der Zonenzäit meeschtens ëm eng Stonn no vir gestallt gëtt. D'Summerzäit zielt normalerweis wärend engem bestëmmten Zäitraum am Summerhallefjoer, heiansdo och e bësse méi laang, als gesetzlech Zäit. Eng Summerzäit-Reegelung gëtt et bal nëmmen an de Länner vun de gemäässegten Zonen.
D'mëtteleuropäesch Summerzäit (MESZ) fänkt de leschte Sonndeg am Mäerz um 2:00 Auer MEZ un, andeems d'Auer ëm eng Stonn - vun 2:00 Auer op 3:00 Auer - virgestallt gëtt. Se dauert bis de leschte Sonndeg am Oktober um 3:00 Auer MESZ, da gëtt d'Auer nees ëm eng Stonn - vun 3:00 Auer op 2:00 Auer - zeréckgestallt.
Géintiwwer der Summerzäit gëtt d'Zonenzäit – déi gemenkerhand déi gesetzlech Zäit an der jeeweileger Zäitzon ass – als Normalzäit oder Standardzäit bezeechent. Well a villen europäesche Länner zanter ongeféier 1980 all Joer d'Summerzäit gëllt an d'Normalzäit deemno nëmmen nach am Wanterhallefjoer gebraucht gëtt, huet sech dofir och d'Bezeechnung Wanterzäit agebiergert.