Stengegung
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Stengegung (lat. lapidatio) ass eng joerdausend al Manéier fir een hinzeriichten. Si gouf fréier a ville Gesellschafte praktizéiert. Op si gëtt nach haut a verschiddenen islamesche Länner zeréckgegraff, wéi z. B. am Iran an an Deeler vun Afghanistan. D'Leit kommen dofir no engem Urteel zesummen, fir dee bis zur Broscht Agegruewenen, dee schëlleg gesprach gouf, duerch Stengwërf ëmzebrengen. Frae si vu Stengegungen allgemeng méi betraff wéi Männer. An Afrika ass d'Stengegung och e Mëttel vun der Lynchjustiz, besonnesch fir Déif a Persounen déi der Hexerei beschëllegt sinn, ze bestrofen.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |